
Den Defenseur huet e Kontrakt bis Summer 2023 bei aktuellen Tabellen-12ten a Polen ënnerschriwwen. Si wollten de Lëtzebuerger schonn de leschte Summer engagéieren, ma deemools huet den Tim Hall sech awer fir e Wiessel a Portugal entscheet. Hei konnt hie sech awer net duerchsetzen.