Nidderkuer hat dobäi eng Herkulesaufgab virun der Broscht. Net nëmmen, datt si mam FC Midtjylland eng vun de beschten Ekippen am zweeten Tour zougeloust kruten, mä och d'0:2-Defaite am Allersmatch an Dänemark huet d’Missioun vum Progrès net méi einfach gemaach. De Progrès huet deemno misse mat dräi Goler Ënnerscheed gewannen, fir an déi drëtt Ronn vun der Qualifikatioun ze kommen.
Dëst Konschtstéck sollt dem Progrès allerdéngs net geléngen. Obschonns déi Nidderkuerer sech deier verkaaft hunn a se de Match mat 2:1 géint Midtjylland gewannen, fléie si wéinst der Goldifferenz eraus.
D‘Ekipp vum Jeff Strasser huet sech an der Ufanksphas net verstoppt an huet monter opgespillt. An der 15. Minutt konnt d‘Lokalekipp sech fir hire gudden Optrëtt belounen. No enger schéiner Eenzelaktioun vum De Almeida huet dëse sech en Häerz gefaasst an aus gutt 16 Meter ofgezunn. De Golkipp vun den Dänen konnt dem Ball just nach nokucken, wéi dësen hannert him am Filet ageschloen ass. Kuerz virun der Paus ass du bal den 2:0 fir de Progrès gefall, mä de Karamoko sollt mat sengem Schoss aus der Distanz an der 42. Minutt just d‘Lat treffen. D’Gäscht aus Dänemark konnten hir Qualitéiten an den éischte 45 Minutte just seelen ënner Beweis stellen, soudatt de Progrès net onverdéngt mat enger 1:0-Avance op den Téi gaangen ass.
Nom Téi huet Nidderkuer do weider gemaach, wou si an der éischter Hallschent opgehalen haten. Esou sollt schonn an der 52. Minutt den 2:0 fir de Progrès falen. Nees eng Kéier war et den De Almeida, deen aus der Dréiung ofgezunn huet an domadder de Score erhéicht huet. An der 58. Minutt hat de Ball du bal zum 3:0 ageschloen, mä den dänesche Golkipp konnt dem Natami säi fulminante Schoss op d’Lat deviéieren. No 90 Minutte stoung et allerdéngs ëmmer nach 2:0, soudatt et an d’Verlängerung gaangen ass.
Obschonns Nidderkuer déi besser Occasiounen hat, sollt de Gol op Säite vun den Dänen falen. Dëst, nodeems de Progrès ausgekontert gouf. Et war den Chilufya an der 112. Minutt, deen d’Warscheinlechkeet vun engem Weiderkomme vum Progrès méi kleng gemaach huet an op 2:1 verkierzt huet. Bei dësem Resultat sollt et bleiwen, soudatt de Progrès um Enn trotz Victoire erausflitt.

Déifferdeng huet missen nom 1:1-Gläichspill am Allersmatch géint Maribor a Slowenien gewannen, fir eng Ronn weiderzekommen.
De Match huet fir d’Jongen aus dem Minett allerdéngs denkbar schlecht ugefaangen. Esou war ee schonn no der 5. Minutt mat 0:1 hannen. Dëst nodeems de Kolar fir seng Faarwe markéiere konnt. Déifferdeng huet sech allerdéngs net opginn a konnt an der 28. Minutt per Eelefmeter duerch den Erico Castro ausgläichen. Nach virun der Paus sollt awer dunn den 2:1 fir déi Déifferdenger falen. Den Trani konnt de Ball an der 42. Minutt am Filet ënnerbréngen.
Et war och den Trani, deen d’Gäscht vun Déifferdeng direkt nom Téi an der 46. Minutt mat 3:1 a Féierung schéisse konnt. Domadder stoung Déifferdeng scho mat engem Fouss am drëtten Tour vun der Qualifikatioun. De Repas konnt an der 62. Minutt fir d’Slowenen op 2:3 verkierzen, ier datt de Brnic an der 82. Minutt nees egaliséieren an den Déifferdenger e Stréch duerch d’Rechnung maache konnt. No 90 Minutte stoung et 3:3 an domadder ass et och an dësem Match an d’Verlängerung gaangen.
An dëser huet alles no engem Eelefmeterschéissen ausgesinn, mä den D’Anzico sollt an der 120. Minutt nach ee Spiller vu Maribor am Strofraum foulen, soudatt d’Slowenen kuerz viru Schluss nach en Eelefmeter kruten. Dësen huet den Illicic an der 122. Minutt rageschoss, soudatt Déifferdeng de Match a leschter Sekonn mat 3:4 géint Maribor verléiert an domadder aus der Conference League erausflitt.