
De Progrès konnt sech zu Nidderkuer mat 2:0 géint de Racing behaapten an Hueschtert huet sech trotz Réckstand nach mat 2:1 zu Wooltz duerchgesat.
Nidderkuer - Racing 2:0
1:0 Hend (33'), 2:0 Bah (82')
An den éischte Minutte konnt keng vu béiden Ekippen de Match u sech rappen, sou dass et eng ausgeglache Partie ouni vill Golchance war. No enger gudder hallwer Stonn ass de Shala dann am Strofraum zum Fale bruecht ginn, sou dass den Arbitter op Eelefmeter fir Nidderkuer entscheet huet. Den Hend ass ugetrueden a konnt d’Lokalekipp sou sécher a Féierung bréngen. Déi spilleresch Virdeeler waren éischter op der Säit vum Progrès an de Racing huet sech éischter op Konterattacke konzentréiert, konnt dovu bis zur Paus awer net genuch profitéieren.
Am zweeten Duerchgang war Nidderkuer weider déi Ekipp, déi sech méi engagéiert gewisen huet. De Racing war am Spill no vir net geféierlech genuch a sou huet sech de Match duerch den 2:0 an der 82. Minutt entscheet. No engem Zësummespill mam Tekiela konnt de Bah fir Nidderkuer erhéijen a sou déi dräi Punkte fir d’Lokalekipp kloer maachen. Um Enn steet also eng 2:0-Victoire fir de Progrès, déi dem Spillverlaf no och verdéngt ass.
Wooltz - Hueschtert 1:2
1:0 Ibrahimovic (12'), 1:1 Tibor (24'), 1:2 Sully (41')
De Match war vun Ufank un intensiv a mat villen Zweekämpf, wat allerdéngs dozou gefouert huet dass et vill Ënnerbriechunge goufen. E Feeler vun der Hueschterter Defense huet dann no 12 Minutten zur Wooltzer Féierung gefouert. Den Ibrahimovic huet sech dës Chance net huele gelooss a sou op 1:0 fir d’Lokalekipp gestallt. An den nächste Minutte war Wooltz weider déi méi aktiv Ekipp an et huet sech e weidere Gol ugedeit. Deen ass dann awer op der anerer Säit gefall. De Rodrigues hat mat sengem Schoss de Potto getraff, ma den Tibor stoung op der richteger Plaz a konnt vun do aus de Ball am Noschoss erasetzen. Och nom Ausgläich huet Hueschtert weider Drock gemaach a sech sou kuerz virun der Paus mat engem zweete Gol belount. Dem Sully ass et aus spatzem Wénkel gelongen d’Gäscht mat enger 2:1 Féierung an d’Hallschent ze schécken.
Nom Säitewiessel hunn dy’Hueschterter da weider Drock gemaach a Wooltz domat net zum Zuch komme gelooss. No enger gudder Stonn ass et dann awer en Eelefmeter fir Wooltz ginn, nodeems den Tibor am Strofraum widdert d’Hand krut huet. De Schoss vum Ibrahimovic ass awer op d’Laat gaangen a sou war d’Chance op den Ausgläich fort. Trotzdeem huet Wooltz elo weider op den 2:2 gedréckt, hat no vir hin awer net genuch Iddien. Hueschtert krut de Géigner bis zum Schluss vum Gol fortgehalen a sou wënnt de Gaascht mat 2:1 zu Wooltz.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.
