Nodeems d'Rout Léiwen mat enger 2:1-Victoire géint Bulgarien an d'Nations-League-Gruppephas gestart waren, gouf et dono direkt zwou Defaiten hannerteneen. Fir d'éischt hu sech d'Lëtzebuerger mat 0:3 géint Island misse geschloe ginn, ier een dann auswäerts mat 0:1 an Estland de Kierzere gezunn huet. Um véierte Spilldag wollten d'Männer vum Jeff Strasser dofir nees an d'Erfollegsspur zeréckfannen an am Réckmatch géint Bulgarien net nëmmen eng gutt Leeschtung weisen, mä weider wichteg Punkten an der Grupp 4 vun der Liga C sammelen.
Déi erhoffte Reaktioun ass awer ausbliwwen. Virun allem an der éischter Hallschent hunn d'Rout Léiwen defensiv ze vill zougelooss a sech zwee Goler aschenke gelooss. Trotz enger däitlecher Leeschtungssteigerung nom Säitewiessel ass hinnen offensiv kee Gol méi gelongen, soudatt Lëtzebuerg sech um Enn mat 0:2 géint Bulgarien geschloe muss ginn an op déi leschte Plaz am Grupp zeréckfält.
0:1 Balov (19'), 0:2 Iliev (34')
D'Spectateure kruten am Stade de Luxembourg eng monter Ufanksphas ze gesinn, an där béid Formatioune mat voller Vitess opgespillt hunn, soudatt et am Match op an of gaangen ass. Dobäi ass déi éischten Occasioun op de Kont vun de Bulgare gaangen. Allerdéngs krut de Stoyanov de Ball bei sengem Schoss net cadréiert, soudatt dësen nieft de Gol geflunn ass. Kuerz drop sollten d'Lëtzebuerger och zu hiren éischte Chancë kommen. Mä weder den Thill an der siwenter, nach den Natami an der aachter Minutt konnten de Ball am Gol vun de Bulgaren ënnerbréngen. An där Phas vum Match hunn d'Lëtzebuerger gutt opgespillt, allerdéngs krute se de Ball einfach net an de Gol vum Naumov geschoss. Mä no der éischter Véierelsstonn hunn d'Bulgaren ëmmer méi d'Heft an d'Hand geholl an de Match kontrolléiert. Dowéinst sinn och e puer Golchancen op der Säit vun de Bulgaren zustane komm an eng dovunner sollt och hire Wee an de Gol fannen. An der 19. Minutt gouf de Balov no engem schéine Kombinatiounsspill vum Tsenov an Zeen gesat a konnt onbedrängt a Richtung Moris marschéieren. De jonke Bulgar, dee bei Roter Stern Belgrad ënner Vertrag steet, hat doropshi keng Problemer fir de Moris ze bezwéngen an de Score op 1:0 ze stellen. Allerdéngs konnt dësen och vun engem schlechte Stellungsspill vun der Lëtzebuerger Defense profitéieren, déi sech am weidere Verlaf vun der éischter Hallschent quasi ëmmer méi opgeléist an de Bulgaren esou munch Golaktioun erméiglecht huet.
An der 34. Minutt sollt et du verdéngterweis fir déi zweete Kéier am Lëtzebuerger Gol rabbelen an nees sollt d'Lëtzebuerger Defense dobäi kee gudden Androck hannerloossen. Vun der lénker Säit ass eng Flank vum Rusev an de Strofraum geflu komm, déi den Iliev als Zilspiller gesicht huet. De bulgaresche Stiermer huet sech mat enger séierer Beweegung vu sengem Géigespiller geléist an de Ball per Volley äiskal an onhalbar fir de Moris am Lëtzebuerger Gol ënnerbruecht. D'Lëtzebuerger ware geschockt an hu sech doropshi schwéier gedoen, fir nees an de Match ze fannen. Just ier datt den Arbitter béid Formatiounen op den Téi schécke wollt, sinn d'Lëtzebuerger nach eng Kéier geféierlech ginn, mä de Videira konnt mat sengem Kappball den Naumov net decisiv ënner Drock setzen. Kuerz no dëser Aktioun ass et fir béid Formatiounen an d'Paus gaangen. D'Lëtzebuerger stoungen deemno fir déi zweet Hallschent virun enger Herkules-Aufgab an dëst an engem Match, an deem een an der Defense op ganzer Linn iwwerfuerdert gewierkt huet.
No der Paus ass eng Lëtzebuerger Reaktioun laang ausbliwwen. Et waren d'Bulgaren, déi weiderhin den Toun uginn hunn. Esou an der 54. Minutt, an där de Stoyanov den Iliev mat enger Flank gesicht huet. Allerdéngs konnt den grouss gewuessene Stiermer de Ball bei sengem Käpper net cadréieren, soudatt dësen iwwert de Gol vum Pereira, deen an der Paus fir de Moris agewiesselt ginn ass, ewechgeflunn ass. Doropshin hu sech d'Rout Léiwen awer nees méi am Stuerm gewisen a sinn esou och zu Chancë komm. An der 60. Minutt hat den Thill vill Plaz an d'Ae fir den Natami, deen op senger Säit vëlleg fräi stoung. Allerdéngs huet de Stroossener Spiller de Ball bei sengem Ofschloss net richteg getraff, soudatt de bulgaresche Golkipp de Ball ofwiere konnt. Den zweete Ball sollt dobäi dem Thill virun d'Féiss falen, deen dësen allerdéngs net richteg kontrolléiere konnt, soudatt de Ball um Enn vun der Aktioun ëm Zentimeter nieft de Gol rulle sollt. D'Lëtzebuerger waren elo wakereg a wollten eppes um Score änneren. Mä et huet un der néideger Reussite am Ofschloss gefeelt, wéi dem Bohnert an der 63. Minutt, dee mat sengem Distanzschoss de Gol just knapps verfeelt huet oder dem Natami an dem Kadamani an der 68. Minutt, déi de Ball eleng virum Golkipp net laanscht dëse brénge konnten.
An der Schlussphas sollten dunn d'Lëtzebuerger den Drock nach eng Kéier erhéijen, mä den Owend sollt et einfach net sinn. Dëst hunn d'Léiwen an der 79. Minutt nach eng Kéier ënnerstrach. De Kadamani huet den Natami an de fräie Raum starte gesinn an dëse schéi geschéckt. Mä op en Néits sollt de Lëtzebuerger de Ball um Enn net am Gol ënnerbrénge kënnen. Nees ass dat ronnt Lieder nämlech nieft dem bulgaresche Gol ageschloen. An och d'Lëtzebuerger Wäitschëss hu sech an der Schlussphas net als effikasst Mëttel ënner Beweis gestallt. Entweder konnt den Naumov se entschäerfen, ewéi an der 81. Minutt beim Olesen sengem Versuch, oder se sinn nieft dem bulgaresche Gol ageschloen, ewéi beim Natami senger Tentative an der 90. Minutt. Um Enn sollten d'Lëtzebuerger deemno kee Gol méi schéissen, soudatt si, trotz enger Leeschtungssteigerung an der zweeter Hallschent, sech mat 0:2 géint Bulgarien geschloe musse ginn an domadder op déi leschte Plaz am Grupp rutschen.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.