
Nodeems d'Lëtzebuerger mat enger knapper 2:1-Victoire géint d'Bulgaren souwéi enger däitlecher 0:3-Defaite géint Island an dës Nations-League-Campagne gestart sinn, wollten d'Rout Léiwen e Samschdegowend géint Estland nees e bessere Match weisen, an am Optimalfall, sech weider dräi Punkte sécheren, fir an enger gudder Ausgangspositioun fir d'Réckmatcher an der Grupp 4 vun der Liga C ze sinn. Dëst sollt allerdéngs net geléngen. No engem fréie Géigegol vum Peetson hunn d'Lëtzebuerger iwwert wäit Strecke vum Match net déi néideg Äntwerte fonnt a sech um Enn mat 0:1 zu Tallin géint Estland misse geschloe ginn.
Well am anere Match am Grupp Island mat 3:0 géint Bulgarien gewanne konnt, rutschen d'Lëtzebuerger op déi drëtte Plaz am Grupp. Den Ament steet Island deemno mat 7 Punkte op der éischter Plaz, wougéint Estland elo den zweeten ass mat ganzer 5 Punkten. D'Bulgare stinn dogéint op der leschter Plaz mat engem Punkt.
1:0 Peetson (5')
D'Spectateuren zu Tallin kruten eng Heemekipp ze gesinn, déi monter opgespillt a probéiert huet, fir d'Lëtzebuerger an der Ufanksphas fréi ënner Drock ze setzen an esou, eng sëllege Ballverloschter op Säite vun de Lëtzebuerger ze provozéieren. An der 5. Minutt sollt sech dës Spillaart a Weis bezuelbar maachen. No engem Ballverloscht ass et bei den Este séier gaangen, soudatt no e puer Ballkontakter de Kält vill Plaz an der Lëtzebuerger Hallschent hat, hie sech en Häerz gefaasst an einfach ofgezunn huet. Säi placéierte Schoss an de rietsen Eck konnt de Moris zwar nach paréieren. Allerdéngs sollt den zweete Ball du beim Peetson landen, deen aus kierzter Distanz kéng Problemer hat, fir dat ronnt Lieder am Gol ënnerzebréngen. Et war eng kal Dusch fir d'Lëtzebuerger, déi deen Ament guer net am Match waren an och am weidere Verlaf net an de Match fanne sollten. Estland huet de Match geréiert, d'Lëtzebuerger lafe gedoen a se esou an hirer eegener Hallschent festgesat, soudatt d'Rout Léiwen keng Offensivakzenter setze konnten. Wann et dann awer eng Kéier bei de Roude Léiwen no vir goe sollt, dann huet et um Enn un der néideger Prezisioun gefeelt, esou wéi beim Dardari sengem Schoss an der 16. Minutt, oder et huet un engem Matspiller gefeelt, deen eng Pass vun engem Lëtzebuerger hätt entgéint kéinten huelen, esou wéi beim Thill sengem Corner an der 20. Minutt.
D'Esten sinn dunn an der éischter Hallschent keng Risiken agaangen an hunn de Match iwwert wäit Strecke vun den éischte 45 Minutte geréiert, ouni eppes ubrennen ze loossen. Doduerch sinn d'Haushären awer och just seele virum Lëtzebuerger Gol opgedaucht. Just an der 29. Minutt ass et nach eng Kéier geféierlech ginn. Allerdéngs konnten d'Lëtzebuerger eng estesch Flank in Extremis klären an esou eng geféierlech Golaktioun vun den Este verhënneren. Doropshin ass op béide Säiten näischt méi geschitt, soudatt béid Formatiounen mat engem 0:1 an d'Kabinne geschéckt goufen. D'Lëtzebuerger sinn dobäi villes schëlleg bliwwen, wougéint d'Este just dat gemaach hunn, wat si hu missen, fir an dësem Match a Féierung ze sinn.
Nom Téi hunn d'Lëtzebuerger dunn en anert Gesicht gewisen a si mat méi Offensivdrang opgetrueden. Doduerch sollten och méi Golchancë fir d'Rout Léiwen eraussprangen, esou wéi an der 51. Minutt. Den Thill huet sech do de Ball zurechtgeluecht an huet probéiert, e Fräistouss a Richtung estesche Gol ze zierkelen. De jonke Lëtzebuerger sollt de Ball awer net am Gol ënnerbréngen, mä dat ronnt Lieder sollt ëm Zentimeter nieft dem Potto aschloen. Zwou Minutten drop sollt och den Tomas Moreira säi Gléck probéieren, mä och hie sollt de Ball bei sengem Schoss net cadréiert kréien. D'Esten hunn dogéint weider op Feeler vun de Lëtzebuerger gewaart, fir da séier no vir kënne ze spillen a geféierlech ze ginn. Dëst war och an der 59. Minutt de Fall, wou de Palumets de Ball just knapps nieft de Gol gesat huet. Doropshin haten d'Esten an deenen nächste Minutten dräi weider gutt Golaktiounen, déi d'Lëtzebuerger Defense oder de Moris am leschte Moment entschäerfe konnten, soudatt et beim 0:1 aus Lëtzebuerger Siicht bliwwen ass. Virun allem de Moris konnt sech am weidere Verlaf vum Match ënner Beweis stellen. Esou wéi beim Kappball no engem Corner vum Palumets, deen de Moris esou just vun der Linn kraze konnt.
D'Esten haten dunn nees d'Heft an der Hand an hunn den Toun uginn. D'Lëtzebuerger hu vun deem Ament un, net méi stattfonnt. Et ware just nach d'Esten, déi Golchancë verbuche konnten. An der 69. Minutt hat de Kristal esouguer den zweete Gol um Fouss léien, mä och hei sollt de Moris de Ball vun der Linn krazen an dat ronnt Lieder ëm de Potto deviéiere kënnen. D'Lëtzebuerger sinn an der Schlussphas vum Match just nach eng eenzeg Kéier geféierlech ginn. De Séba Thill, dee kuerz virdrun agewiesselt ginn ass, huet mat engem héije Ball de Videira an Zeen gesat, deen de Ball du mat der Broscht fir de Rupil opgeluecht huet. De Rupil huet direkt ofgezunn allerdéngs war säi Schoss ze zentral, soudatt den estesche Golkipp de Ball einfach opfänke konnt. Weider Lëtzebuerger Golchancë sollten dunn awer ausbleiwen an och d'Este sinn doropshin net méi geféierlech virum Moris opgedaucht, soudatt de Match mat engem 0:1 op en Enn gaangen ass.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.