Nodeems déi Lëtzebuerger sech um éischte Spilldag vun der Nations League mat 2:1 a Bulgarien duerchsetzen an domadder déi éischt dräi Punkten an dëser Campagne séchere konnten, wollten d'Rout Léiwen en Dënschdeg den Owend direkt noleeën, déi nächst Punkte sammelen an esou déi éischte Plaz am Grupp weider festegen. Dëst sollt de Männer vum Jeff Strasser allerdéngs net geléngen. Kloer a verdéngt musse sech d'Rout Léiwen um zweete Spilldag mat 0:3 géint Island geschloe ginn. Domadder stinn d'Lëtzebuerger mat dräi Punkten no zwee Matcher op der zweeter Plaz, direkt hannert Island, am Grupp 4 vun der Liga C.
0:1 Gudjohnsen (13'), 0:2 Oskarsson (39'), 0:3 Pálsson (73')
D'Spectateuren am Stade de Luxembourg kruten eng intensiv Ufanksphas ze gesinn, an där béid Ekippe monter opgespillt a sech esou e puer Chancë rausspille konnten. Déi éischt ass dobäi op de Kont vun de Gäscht aus Island gaangen. No engem séiere Virstouss ass um Enn den Ellertsson un de Ball komm, dee säi Gléck mat engem Volley aus der Dréiung probéiert huet. Dobäi huet den Islänner säin Zil awer däitlech verfeelt. D'Lëtzebuerger waren dunn fir déi éischter Kéier an der 7. Minutt geféierlech, wou den Thill an de Strofraum vun den Islänner gedribbelt ass an in Extremis vum Ball getrennt konnt ginn. Soss hätt de Lëtzebuerger aus enger gudder Positioun ofzéie kënnen. Eng Minutt méi spéit war et dunn den Olesen, deen eng gutt Occasioun verbuche konnt. Mä de Lëtzebuerger, dee bei Sønderjyske ënner Kontrakt steet, huet bei sengem Schoss aus der Distanz just säi Matspiller getraff, soudatt de Ball nieft dem Gol ageschloen ass. An der 13. Minutt hu sech d'Lëtzebuerger dunn extrem schlecht ugeluecht a sech e kapitale Feeler an der Defense geleescht. Et war de Carlson, deen de Ball net decisiv kläre konnt, soudatt den Oskarrson op der rietser Säit fräi duerch war an eleng a Richtung Gol marschéiere konnt. Do ukomm, huet den Islänner op de Gudjohnsen eriwwer geluecht, dee keng Problemer hat, fir de Ball zum 1:0 am Gol ënnerzebréngen.
Doropshin hunn d'Islänner de Match dominéiert an d'Lëtzebuerger, déi sech du schwéier gedoen hunn, fir nees an de Match ze fannen, lafe gedoen. Chancen waren an där Phas vum Match rar geseent. Just an der 31. Minutt ass et nach eng Kéier geféierlech ginn. Dëst nodeems sech den Haraldsson en Häerz gefaasst an et aus der Distanz probéiert huet. Dobäi huet den Islänner säi Schoss awer laanscht d'Latekräiz gezierkelt. Mä et sollt awer net bei enger 1:0-Féierung fir d'Islänner bléiwen. Nach virum Téi konnten d'Männer vun der Insel en zweete Gol fannen. An der 39. Minutt huet de Gudjohnsen den Oskarsson artistesch an Zeen gesat an déi komplett Lëtzebuerger Defense mat senger Pass an d'Lach ausser Gefecht gesat. Den Oskarsson ass doropshin a Richtung Moris gelaf, ass virun dësem cool bliwwen an huet de Ball souverän zum 2:0 am Gol ënnerbruecht. Mat dësem Score sollt et dunn an d'Paus goen. Doru sollt och dem Thill seng Tentative an der 42. Minutt, déi de Valdimarsson am islännesche Gol entschäerfe konnt, näischt änneren.
No der Paus sinn d'Rout Léiwen direkt mat enger gudder Chance an déi zweet Hallschent gestart. Allerdéngs konnt den Thill de Ball an der 52. Minutt net am Gol ënnerbréngen. D'Islänner hunn awer och nach matgespillt a sinn an der 57. Minutt zu enger gudder Occasioun komm. Den Ellertsson hat op der rietser Säit vill Plaz a konnt de Ball flaach an d'Mëtt spillen, wou den Haraldsson op de Ball gelauert huet. Dësen ass wuel un de Ball komm, konnt dësen awer aus gudder Positioun net cadréieren, soudatt de Ball laanscht de Gol fléie sollt. Gléck fir d'Lëtzebuerger, well an dëser Situatioun wier däitlech méi fir d'Islänner dra gewiescht.
Et war doropshin en ëmkämpfte Match, an där keng Formatioun nennenswäert Occasioune méi verbuche konnt. Dëst war och doduerch bedéngt, datt vill Wiessel, Foulen a verletzungsbedéngt Ënnerbriechungen de Match gepräägt hunn. Abee du sollten d'Islänner fir déi drëtte Kéier zouschloen: No engem Corner vun der lénker Säit an der 73. Minutt ass den Ex-Darmstädter Pálsson am Lëtzebuerger Strofraum am Héchste gesprongen, konnt sech géint all Géigespiller duerchsetzen an de Ball zum 3:0 am Gol fir seng Faarwen ënnerbréngen. De Moris am Lëtzebuerger Gol war op en Neits ouni Chance. D'Mass war doropshin natierlech gelies an dëst huet een och bei béide Formatioune gemierkt. Béid hunn de Match ouni weider Golchancen op en Enn gespillt, soudatt no 90 Minutten eng 0:3-Defaite aus Lëtzebuerger Siicht um Bou vum Match steet. Eng Defaite, déi wuel verdéngt ass, esou war een am Ugrëff iwwer 90 Minutten ze harmlos souwéi an der Verdeedegung däitlech ze feelerufälleg.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.