Nations League am FuttballLëtzebuerg klappt Bulgarien 2:1

RTL Lëtzebuerg
Am éischte Match vun der Nations League hu sech d'Rout Léiwe mat engem Kraaftakt zu Plovdiv behaapt. Si sti mat dräi Punkten un der Tabellespëtzt vun der Grupp 4.
Barreiro an Thill schéissen d'FLF-Selektioun zur Victoire a Bulgarien
Et ass déi éischt Lëtzebuerger Victoire géint Bulgarien am 18. Match.

Lëtzebuerg start mat enger Victoire géint Bulgarien an déi nei Nations-League-Saison. No 90 Minutten am Hristo Botev Stadium zu Plovdiv stoung et 2:1 fir d'Rout Léiwen. D'Goler fir d'Ekipp vum Jeff Strasser hunn de Leandro Barreiro an de Vincent Thill geschoss. Et ass déi éischt Victoire fir d'FLF-Selektioun am 18. Duell.

Déi éischt Minutte vum Match hunn de Roude Léiwe gehéiert. An der 4. Minutt hat den Danel Sinani déi éischt gutt Chance no enger Flank vum Laurent Jans. Eng Minutt méi spéit hat de Leandro Barreiro den 1:0 um Fouss. An dëser Phas ass vill iwwer den Aiman Dardari gelaf.

Uschléissend ass de Match verflaacht a Bulgarien hat d'Méiglechkeet, sech ze sammelen. An der 17. Minutt gouf Lëtzebuerg kal erwëscht, well d'Bulgare mat der éischter geféierlecher Aktioun den 1:0 markéiere konnten. De Gol hat den Tschandarov geschoss.

An der 33. Minutt musst den Anthony Moris agräifen, fir net eng zweet Kéier hannert sech gräifen ze mussen. Wéi aus dem Näischt konnt de Leandro Barreiro an der 37. Minutt ausgläichen. No enger schéiner Kombinatioun gouf hie vum Kadamani an de 16-Meter-Raum geschéckt a konnt de Ball am Gol ënnerbréngen. Et war den drëtte Gol fir de Barreiro am Tricot vun der Nationalekipp.

Den Danel Sinani musst an der Hallschent ausgewiesselt ginn. Bei enger Kollisioun mat engem bulgaresche Verteideger kuerz virun der Paus huet hie sech um Knéi blesséiert a konnt net weidermaachen. Hie gouf vum Timothé Rupil ersat.

Déi bescht Zeenen vum Match Bulgarien géint Lëtzebuerg
D'Rout Léiwe gewannen duerch Goler vum Leandro Barreiro an dem Vincent Thill 2:1 a Bulgarien.

Bis op zwou Chancë bannent 60 Sekonnen an der 56. Minutt waren d'Bulgaren an der zweeter Hallschent bleech bliwwen. De selwechten Zenario gouf et 10 Minutte méi spéit op der anerer Säit. De Kadami hat eng Chance, déi zu engem Corner geféiert huet. No genee dëse Corner konnt de Vincent Thill d'Lëtzebuerger a Féierung bréngen. Hien huet per Dropkick eragesat. Et war säi sechste Gol fir d'Rout Léiwen.

De Match ass duerno ouni grouss Momenter op en Enn gaangen. Well Island an Estland 1:1 gedeelt hunn, steet Lëtzebuerg nom éischte Match un der Tabellespëtzt vun der Grupp 4 an der Liga C.

Lëtzebuerger Reaktiounen no der 2:1-Victoire a Bulgarien
Barreiro, Jans, Strasser a Kadamani am RTL-Interview

Back to Top
CIM LOGO