
An der éischter Partie vum Dag krut de Grigro Dimitrov et mam Novak Djokovic ze dinn an hei war de Serb ze staark fir d'Nummer 27. Konnt sech den "Joker" am 1. Saz eréischt am Tiebreak behaapten, esou goung den 2. méi däitlech mat 6:4 fir den Djokovic op en Enn.
Méi spéit sollt et d'Partie tëscht dem Denis Shapovalov an dem Rafael Nadal sinn. De Spuenier huet awer misse wéinst enger Blessur Forfait erklären. Dëst ännert awer näischt dorun, datt de Mann vun der Insel Mallorca vun der nächster Woch un op déi 1. Plaz an der Weltranglëscht spréngt.
E Sonndeg gëtt d'Finall tëscht dem Novak Djokovic an dem Denis Shapovalov gespillt.
Bei de WTA Finals triede jo déi 8 bescht Tennisspillerinnen aus der Saison openeen a kämpfen do ëm déi 1. Plaz. E Samschdeg goufen zu Shenzhen d'Halleffinallen ausgedroen, bei deene sech d'Titelverdeedegerin Jelena Switolina aus der Ukrain an d'Weltranglëschten-Éischt Ashleigh Barty aus Australien fir d'Finall qualifizéiere konnten.
D'Switolina huet sech géint Belinda Bencic an 3 Sätz mat 5:7, 6:3 a 4:1 duerchgesat, woubäi d'Schwäierzin am 3. Saz wéinst enger Blessur huet missen d'Handduch geheien. D'Bartey huet iwwerdeems géint d'Karolina Pliskova an 3 Sätz mat 4:6, 6:2 a 6:3 gewonnen.
E Sonndeg gëtt d'Finall gespillt.