
E Freideg den Owend sollt den FCB vun Berlin aus op d’Club-WM fléien. D’Partie bei der Hertha, déi d’Bayern 1:0 gewonnen hunn, war och extra eng hallef Stonn vun 20h30 op 20h00 no vir geluecht ginn, fir datt de Fliger nach viru Mëtternuecht an Direktioun Qatar kéint fortfléien.
Zu Berlin gëtt et e Fluchverbuet vun Mëtternuecht hunn. Duerch d’Wieder huet de Fliger awer nach missen entäist ginn. Dunn um 3 Minutten op Hallefnuecht huet de Pilot gefrot, fir fortzefléien. D’Maschinn krut awer keng Autorisatioun méi. Déi ganz Delegatioun mat de Spiller hunn um Tarmac am Fliger misse schlofen.
De Vol ass du Samschdesmoies um kuerz viru 7 Auer erausgaangen. De Chef vum FC Bayern Karl-Heinz Rummenige huet awer absolut kee Versteesdemech fir d’Decisioun vun de Berliner Autoritéiten. Hie sot an engem Interview an den Däitsche Medien, datt hie sech: “veraarscht“ virkënnt.
Den FCB spillt e Méindeg seng éischt Partie op der Club-WM.