Lëtzebuerger Futtballer am AuslandOli Thill a Worskla Poltawa spille Remis

RTL Lëtzebuerg
Dem Maurice Deville ass mat Saarbrécken eng 1:0-Victoire géint Unterhaching gelongen. Dem Anthony Moris gewënnt mat St. Gilloise.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

De Marvin Martins ass um Sonndeg den Owend an der 2. Liga a Portugal iwwer 90 Minutte gefuerdert ginn. De Spiller vu Casa Pia krut bei der 0:1-Néierlag géint CD Feirense an der 73. Minutt déi Giel-Kaart gewisen.

An der Ukraine huet den Oli Thill fir säin neie Veräin Worskla Poltawa vun Ufank un um Terrain gestanen. Den Nationalspiller huet déi 90 Minutte beim 1:1-Gläich géint Lviv duerchgespillt.

D’Young Boys Bern hunn ouni de verletzte Christopher Martins 3:1 géint Lugano gewonnen a bleiwen domadder op der 1. Plaz an der Tabell an der 1. Liga an der Schwäiz stoen.

Iwwerdeems stoung an der 2. Belscher Liga de Anthony Moris bei der 3:1-Victoire vu St. Gilloise géint U23 vu Brügge 90 Minutten am Gol.

An der 1. Liga a Griicheland stoung de Vahid Selimovic um Sonndeg den Owend beim Match Kreta - Volos net am Kader vun der Lokalekipp. Ouni de Lëtzebuerger ass de Match 1:2 aus der Siicht vu Kreta ausgaangen.

Um Sonndeg war de Maurice Deville mat Saarbrécken op Besuch bei Unterhaching. An der 3. Liga a Däitschland ass dem Günther-Schmidt säi Gol an der 29. Minutt duergaangen, dass Saarbrécken mat engem 1:0 als Gewënner vum Terrain goe konnt. De Maurice Deville ass an der 73. Minutt agewiesselt ginn.

No de gudde Leeschtungen an de leschte Wochen huet de Laurent Jans am Match géint Antwerpen op der Bänk misse Plaz huelen. Beim 1:1-Gläich vum Standard Léck géint Antwerpen an der Belscher Juplier League ass de Kapitän vun der FLF-Formatioun och net méi agewiesselt ginn.

Samschdeg

An der Ukrain konnt den Enes Mahmutovic mat Lviv eng wichteg Victoire feieren. Beim 2:1 zu Gonschte vun der Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller géint Minaj stoung de Mahmutovic 90 Minutten um Terrain. Fir de Gerson Rodrigues a Kiew leeft an der éischter Divisioun an der Ukrain weiderhin alles no Plang. Bei der 3:1-Victoire géint Olimpik Donezk gouf de Lëtzebuerger an der 75. Minutt agewiesselt, Kiew steet domadder weiderhin un der Spëtzt.

A Portugal war Nacional Funchal mam Vincent Thill géint Farense gefuerdert. Um Enn gouf et fir dem Thill, deen an der 75. Minutt ausgewiesselt gouf, seng Ekipp eng 2:3-Defaite.

An der 2. däitscher Bundesliga gewënnt Karlsruhe mat 3:2 zu Sandhausen a steet elo op der 5. Plaz an der Tabell. Den Dirk Carlson feelt bei Karlsruhe weiderhi verletzungsbedéngt.

An der hollännescher Eredivisie , der éischter hollännescher Divisioun, verléiert Sparta Rotterdam mat 1:2 géint Fortuna Sittard. De Mica Pinto stoung bei Rotterdam déi 90 Minutten um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO