
Den 22 Joer alen Johannes Hoesflot Klaebo dominéiert weider déi 13. Tour de Ski. Den Norweger huet sech e Samschdeg och d'Victoire am Massestart am klassesche Stil iwwer 15 Kilometer geséchert. De Klaebo konnt op de leschte Meter nach den Italiener Francesco de Fabiani hannert sech loossen. Op déi drëtte Plaz ass de Russ Alexander Bolshunov gelaf. Hien hat e Retard vun 2,6 Sekonnen. E schlechten Dag hat de Russ Sergej Ustjugow erwëscht. Hien huet als 16. nämlech 42 Sekonne verluer.
Am General bleift de Johannes Hoesflot Klaebo a Féierung a steet virum leschten Dag e Sonndeg kuerz viru senger éischter Victoire vun der Tour de Ski. Den Norweger geet mat engem Virsprong vu knapp 1 Minutt op den Ustjugow an déi lescht Etapp erop op d'Alpe Cermis.
D'Ingvild Flugstad Östberg huet um Samschdeg de Massestart am klassesche Stil zu Val di Fiemme an Italien gewonnen. D'Norwegerin hat no den 10 Kilometer e Virsprong vun 10 Sekonnen op d'Russinnen Natalia Neprjajewa an Anastassija Sedowa.
Am General huet d'Östberg no 9 Etappen e Virsprong vun 53 Sekonnen op d'Neprjajewa. E Sonndeg ass déi lescht Etapp vun der 13. Tour de Ski. Hei waart eng Bierg-Poursuite erop op d'Alpe Cermis an Italien. D'Östberg zielt hei wuel net zu de stäerkste Biergleeferinnen, ma mam Polster vun 53 Sekonnen op déi zweete Plaz ka si berouegt an déi lescht Etapp goen.