
Nom iwwerraschend fréien Out vum Titelverdeedeger Peter Wright huet e Freideg den Owend och d’Nummer 1 op der Welt Michael van Gerwen seng Wallis bei der Darts-WM zu London misse paken. Den Hollänner, deen déi lescht Joren d’Darts-Zeen dominéiert huet, hat ee schwieregt Joer 2020. Beim Grand Slam of Darts war hien an de 1/4-Finalle gescheitert, beim World Matchplay a bei der EM hat hie jeeweils an der zweeter Ronn verluer. Am September hat de van Gerwen fir d’éischte Kéier a senger Karriär de Playoff an der Premier League verpasst.
Bei der WM sollt et fir de Michael van Gerwen dann och net fir e weidere Weltmeeschtertitel duergoen. E Freideg den Owend hat hien net den Hauch vun enger Chance géint den Dave Chisnall. Den Englänner huet d’Partie vun Ufank un dominéiert an um Enn kloer mat 5:0 géint den dräifache Weltmeeschter gewonnen. Den Englänner huet een Average vun 107,4 gespillt. De Michael van Gerwen hat zanter 2009 kee Match méi bei der WM zu Null verluer.
Den Chisnall, dee bis e Freideg de van Gerwen a 27 Matcher net klappe konnt, steet fir d’éischte Kéier a senger Karriär an den Halleffinalle bei der WM. Hei kritt hien et mam Gary Anderson ze dinn.
De fréiere Weltmeeschter aus Schottland huet seng Partie kloer mat 5:1 géint den Underdog Dirk van Duijvenbode aus Holland gewonnen.
Ënnert deen leschte 4 bei der WM am Darts steet dann och de Gerwyn Price. No engem wiesselhaften an um Enn dramatesche Spill huet den “Iceman” sech mat 5:4 géint den Daryl Gurney behaapt. Am Ufank vum Match hat et no enger klorer Saach fir de Price ausgesinn. Hien huet d’Spill dominéiert an dem Gurney an den éischten zwee Sätz nëmmen ee Leg zougestanen. De Gurney huet d’Paus duerno genotzt, fir sech ze sammelen, an esou konnt hien op 2:2 an de Sätz ausgläichen. Duerno war et bis zum Schluss eng ganz spannend Partie an d’Decisioun ass eréischt am decisiven 9. Saz gefall. Hei huet de Price am leschte Leg den éischte Match-Dart genotzt, fir sech d’Victoire ze sécheren.
An den Halleffinalle kritt de Price et mam Stephen Bunting ze dinn. Den Englänner huet sech mat 5:3 géint de Pol Krzysztof Ratajski behaapt.
Dave Chisnall (8) - Gary Anderson (13)
Stephen Bunting (26) - Gerwyn Price (3)
D’Darts-WM ass an der Schlussphas ukomm. E Samschdeg ginn d’Halleffinalle gespillt an e Sonndeg ass dann d’Finall.