
Nodeems déi Responsabel vun Hertha BSC Berlin e Sonndeg den Trainer Bruno Labaddia an de Manager Michael Preetz entlooss haten, gouf e Méindeg den neie Mann op der Trainerbänk vum Veräin aus der däitscher Haaptstad presentéiert. Wéi erwaart handelt et sech heibäi ëm de Pal Dardai. Hie war schonn tëscht 2015 an 2019 Trainer vun der éischter Ekipp beim Veräin aus der däitscher Haaptstad. De fréiere Profi, dee fir d’lescht d’U16-Ekipp vun der Hertha trainéiert huet, krut e Kontrakt bis Summer 2022.
“Dat war sécher net mäi Plang, datt ech elo nees vun der U16 op d’Trainerpositioun bei d’Profie wiessele wäert”, sou den Dardai e Méindeg. “Ech muss awer kengem erklären, wat Hertha BSC fir mech bedeit, dofir war et guer keng Fro fir mech, datt ech an dëser Situatioun aushëllefen. Ech freeë mech op dës Aufgab an d’Zesummenaarbecht mat der Ekipp.”
Fir de Preetz wäert bis Enn der Saison de Sportdirekter Arne Friedrich sech ëm d’Zesummestellung vun der Ekipp këmmeren.