No véierter Plaz op der EuropameeschterschaftPatrizia Van der Weken: "Ech brauch mir näischt virzegeheien"

RTL Lëtzebuerg
Op der Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu Roum koum Patrizia Van der Weken iwwer 100 Meter op eng staark awer ondankbar 4. Plaz.
D'Patrizia Van der Weken am Interview no der EM
D’Patrizia Van der Weken am Interview no der EM

Mat enger Zäit vun 11,04 Sekonnen huet Sprinterin eng Medail nëmmen ëm een Honnertstel verpasst.

An der drëtter Serie vun der Halleffinall hat déi 24 Joer jonk Liichtathletin mat 11,00 Sekonnen net nëmmen en neien nationale Rekord opgestallt, mä dës Course och gewonnen. Dës Zäit wier an der Final duergaangen, fir eng Sëlwer-Medail ze gewannen.

Liichtathletik-EM: D'Finall iwwer 100 Meter bei den Dammen
D’Patrizia van der Weken huet eng Medail just ganz knapp verpasst.

Een Dag no dëser Performance huet Patrizia Van der Weken hir Leeschtung am Interview mam Bern Thill ageschat.

Back to Top
CIM LOGO