WM-QualifikatiounPaul Philipp: Match géint Portugal muss onbedéngt am neie Stadion gespillt ginn

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg gouf de Spillplang fir d'WM-Qualifikatioun am Futtball publizéiert. Lëtzebuerg spillt den éischten Heemmatch den 30. Mäerz géint Portugal.

Fir den FLF-President Paul Philipp ass dat ee Match, deen onbedéngt muss am neie Stadion op der Cloche d’Or gespillt ginn.

Extrait Paul Philipp

Wéi mir eis Gedanken gemaach hu fir een Galamatch, ass eis kee besseren agefall, wéi den aktuellen Europameeschter Portugal, och wann ee weess, wéi eng Relatioun mir mateneen hunn, ënnert anerem wéinst all de Leit, déi hei wunnen. Elo kréien mir Geleeënheet souguer, ee Quali-Match hei ze spillen, an dann nach als éischte Match am neie Stadion.

Ech hoffe wierklech, datt mir eis dat net laanscht d’Nues goe loossen, fir dann de Stadion géint Portugal anzeweien, virun engem vollen Haus, och wann dat just an der Hand vum Virus leit, anzeweien. Et ass dee Géigner, vun deem mir deelweis gedreemt hunn.

RTL-News: Éischten Heemmatch den 30. Mäerz géint Portugal

Back to Top
CIM LOGO