Futtball-WM vun den DammenPortugal verpasst Qualifikatioun géint USA; Dänemark an England weider

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg sinn d'Decisiounen an de Gruppen D an E gefall.

Et war eng enk Geschicht am Grupp E. Wärend Holland sech kloer mat 7:0 géint de Vietnam duerchsetze konnt an esou sécher an der nächster Ronn war, hu sech Portugal an d’USA ëm déi zweete Plaz gestridden. Et war eng ausgeglache Partie, an där d’Europäerinnen zwar méi Ballbesëtz haten, d’Amerikanerinnen awer déi besser Chancen. Ausser an der Nospillzäit, wéi d’Portugisinne just de Potto getraff an domadder d’Féierung verpasst hunn. Den 0:0 ass den USA duergaangen, fir als zweet am Grupp weiderzekommen.

Am Grupp D gouf et e Fernduell um leschte Spilldag tëscht Dänemark a China. China hat mat England awer e ganz schwéiere Géigner, dee scho qualifizéiert war, an huet eng däitlech 6:1-Néierlag missten astiechen. Dänemark ass dofir eng 2:0-Victoire géint Haiti duergaangen, fir déi nächst Ronn z’erreechen.

D’Resultater am Iwwerbléck

Portugal - USA 0:0

Vietnam - Holland 0:7
0:1 Martens (8'), 0:2 Snoeijs (11'), 0:3 Brugts (18'), 0:4 Roord (23'), 0:5 van de Donk (45'), 0:6 Brugts (57'), 0:7 Roord (83')

China - England 1:6
0:1 Russo (4'), 0:2 Hemp (26'), 0:3 James (41'), 1:3 Wang Shuang (57',p), 1:4 James (65'), 1:5 Kelly (77'), 1:6 Daly (84')

Haiti - Dänemark 0:2
0:1 Harder (21',p), 0:2 Treolsgaard Nielsen (90'+10)

Back to Top
CIM LOGO