Nations LeaguePortugal zitt géint d'Schwäiz de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
Spuenien huet d'Néierlag vu Portugal genotzt a steet nom eegene Succès géint Tschechien un der Spëtzt vum Grupp 2 an der Liga A.
© AFP

Liga A

Schwäiz - Portugal 1:0
0:1 Seferovic (1')

Ouni hirer Superstar Cristiano Ronaldo huet déi portugisesch Nationalekipp d’Tabelleféierung an der Nations League un den Noper Spuenien verluer. E Sonndeg den Owend huet ee sech misse mat 0:1 duerch e Gol vum Seferovic an der 1. Minutt géint d’Schwäiz geschloe ginn.

D’Nati kann nom zweeten Duerchgang speziell dem Golkipp Omlin Merci soen. Portugal ass um Schlussmann verzweiwelt an huet de Ball einfach net an de Gol bruecht.

Fir d’Schwäiz sinn et déi éischt Punkten.

Spuenien - Tschechien 2:0
1:0 Soler (24'), 2:0 Sarabia (75')

Spuenien huet sech dem deels zolitte Pressing vun Tschechien erfollegräich zur Wier gesat. No Startschwieregkeeten huet de Soler (24') zu der 1:0-Pauseféierung getraff. Den Joker Sarabia huet kuerz no senger Awiesslung mam 2:0 (75') alles kloer gemaach. Um Enn eng verdéngt Victoire.

Liga B

Norwegen - Schweden 3:2
1:0 Haaland (10'), 2:0 Haaland (54'), 2:1 Forsberg (62'), 3:1 Sorloth (77'), 3:2 Gyokeres (90+5')

Slowenien - Serbien 2:2
0:1 Zivkovic (8'), 0:2 Mitrovic (35'), 1:2 Gnezda Cerin (48'), 2:2 Sesko (53')

Liga C

Nordirland - Zypern 2:2
0:1 Kakoullis (32'), 0:2 Kakoullis (51'), 1:2 McNair (71'), 2:2 Evans (90+4')

Georgien - Bulgarien 0:0

Nordmazedonien - Gibraltar 4:0
1:0 Bardhi (4'), 2:0 Torilla (14', Selbstgol), 3:0 Miovski (16'), 4:0 Churlinov (31')

Griichenland - Kosovo 2:0
1:0 Giakoumakis (71'), 2:0 Mantalos (90+9')

Liga D

Malta - San Marino 1:0
1:0 Muscat (50')

All d’Resultater an d’Statistike vun de Matcher

Back to Top
CIM LOGO