
Nieft sëllegen Auszeechnunge gouf dee beschte Spiller an déi bescht Spillerin geéiert. An do konnt sech ee gewësse Spiller iwwert säin 8. Ballon d’Or freeën.
Nom Weltmeeschtertitel mat Argentinien am Katar goung den Ballon d’Or 2023 un den Lionel Messi. Den 36 Joer alen Argentinier huet elo dräi där gëlle Bäll méi wéi de Cristiano Ronaldo a baut domat säi Rekord weider aus. Fir den RTL-Futtball-Expert an FLF-President Paul Philipp ass dëse Präis duerch dem Messi seng Prestatioun op WM verdéngt.
Op Plazen 2 an 3 koumen den Erling Haaland an den Kylian Mbappé. Bei den Damme konnt sech d’Aitana Bonmati duerchsetzen. Als beschte Jonke gouf den Jude Bellingham ausgezeechent. No sengem Wiessel vun Dortmund op Real Madrid huet een net d’Impressioun, wéi wann den 20 Joer alen Englänner Schwieregkeeten hätt, fir sech anzegewinnen. Dat ënnermauere seng 13 Goler an 13 Matcher fir déi Kinneklech.
De beschte Golkipp gouf den argentinesche Weltmeeschter Emiliano Martinez, deen e Méindeg op der Bün vum franséische Public ausgepaff gouf. Dat warscheinlech wéinst senger excellenter Parad an der WM-Finall géint de Fransous Kolo Muani oder sengem bizare Jubel mat der Coupe nom Match.
De Ballon d’Or gouf an deene leschte Jore weltwäit als prestigiéist Auszeechnung an der Fussball-Welt ugesinn. Doduerch datt d’FIFA mam THE BEST AWARDS an d’UEFA mat hirem Europas Fussballer des Jahres mëttlerweil änlech Präisser hunn, huet sech de Stellewäert e bësse verännert.
Als bescht Ekipp bei den Dammen gouf den FC Barcelona geéiert. De Präis fir déi bescht Ekipp bei den Hären goung un den Champions League an Triplé-Gewënner Manchester City, déi ganzer fënnef Spiller an den Top 10 vum Ballon d’Or haten.
D’Gerd-Müller-Coupe fir de beschte Butteur goung un den Erling Haaland mat 56 Goler a 57 Matcher. An de Sokratespräis fir dee Spiller, dee sech am Meeschte sozial engagéiert huet, war fir de Vinicius Junior.