Affär SummermärchenProzedure géint däitsch Futtball-Fonctionnairë gestoppt

RTL Lëtzebuerg
An der Affär "Summermärchen" gouf d'Prozedur géint 3 däitsch Futtball-Fonctionnairë gestoppt.
Wolfgang Niersbach (lénks), Theo Zwanziger (riets)
Wolfgang Niersbach (lénks), Theo Zwanziger (riets)
© FIRO/SID/

E Geriicht zu Frankfurt koum zur Conclusioun, datt et keng Poursuitte méi géint den Theo Zwanziger, den Horst R. Schmidt an de Wolfgang Niersbach gëtt. Zejoert war och e Prozess an der Schwäiz gescheitert.

An der Saach geet et ëm eng Iwwerweisung vum däitsche Futtballbond un den Entrepreneur Robert Louis-Dreyfus. Déi 6,7 Milliounen Euro goufe fir eng Gala am Kader vun der WM 2006 deklaréiert. Dat Evenement gouf awer ni Realitéit.

Wéi et heescht, wéilt de fréieren DFP-President Zwanziger elo 50.000€ Schuedenersatz froen, well säi Ruff geschiedegt gi wier.

Back to Top
CIM LOGO