
1:0 Salah (71'), 2:0 Mané (74')
Eng spilleresch gutt Leeschtung hu béid Ekippen de Spectateuren doheem virun der Tëlee gebueden. D’Reds, déi den Allersmatch mat 2:0 gewonnen haten, si besser an de Match komm an hätten duerch de Mané an der 6. Minutt mat e bësse méi Reussite a Féierung kéinte goen. Nëmme 4 Minutte méi spéit huet sech Leipzig mam Olmo eng éischte Kéier virum Gol vu Liverpool gewisen. Dem Spuenier säi Schoss gouf awer vum Alisson mat engem super Reflex gehalen.
Dono hat virun allem Liverpool duerch e Kappball vum Jota an duerch Salah zwou richteg gutt Chancen, déi awer alle béid um gutt opgeluechte Gulacsi hänke bliwwe sinn. Leipzig mam Forsberg sou wéi Liverpool mam Jota hate weider Chancen, e Gol sollt an der 1. Hallschent awer net falen. Alles an allem e glécklechen 0:0 aus Leipziger Siicht.
Och an der 2. Hallschent ass Liverpool besser an de Match komm. No ronn 10. Minutten ass Liverpool eng weider Kéier geféierlech am Leipziger Strofraum opgedaucht, alt erëm hunn dem Jürgen Klopp seng Stiermer awer um Ungar Gulaci hire Meeschter fonnt. Et huet bis zur 65. Minutt gedauert, bis Leipzig sech an der 2. Hallschent eng richteg gutt Geleeënheet erausspille konnt. No enge Flank vum Hwang ass dem Sörloth säi Kappball op d’Lat gaangen. An och dem Olmo säin Noschoss sollt de Wee an de Gol net fannen.
Kuerz dorops huet de Salah no engem proppere Konter de Leipziger den Zant gezunnt, an de Ball no Zouspill vum Jota an de Filet geschoss.
Nëmme 4 Minutte méi spéit huet Liverpool fir d’Virentscheedung gesuergt. No engem flotte Spillzuch kënnt de Sané am Strofraum zum Ball an huet den 2. Gol fir d’Reds geschoss.
Liverpool huet déi lescht Minutten näischt méi ubrenne gelooss a steet no zwou verdéngte Victoirë géint Leipzig an der nächster Ronn.
1:0 Mbappé (31'), 1:1 Messi (37')
D’Ekipp vum Ronald Koeman huet nom 1:4 am Allersmatch dat gemaach wat se hu maache missen. Dat eenzegt wat no 45. Minutt net gestëmmt huet, war d’Resultat. Mat engem 1:1-Gläich si béid Ekippen an d’Kabinne gaangen.
Obwuel Paräis mam Mbappé der 31. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen ass, hätt eleng de Messi 2 Goler misse schéissen. Huet den Argentinier an der 37. Minutt no enger flotter Aktioun de Ball an de lénkse Wénkel geknallt, sollte mam Messi an der 3. Minutt vun der Nospillzäit Nerven duerchgoen. Säin Eelefmeter war net placéiert genuch geschoss an esou huet den Navas de PSG am Match gehalen. Paräis ass an der Offensiv net vill gelongen an esou konnte si frou sinn, no intensiv geféierte 45. Minutte mat engem 1:1-Gläich an d’Paus konnten ze goen.
Och nom Téi huet sech am Parc des Princes net vill verännert. D’Ekipp vum Pochettino ass vu Barcelona um eegene Strofraum festgespillt ginn a krut kaum Loft zum Ootmen. No 61. Minutten hat de Lionel Messi déi nächste riseg Chance, ass awer um Marquinhos hänke bliwwen. Dembélé a Messi hunn ëmmer nees den Tempo an d’Luucht geschrauft. Barcelona huet an der Schlussphas mat 4 néie Spiller nach emol versicht, dat onméiglecht méiglech ze maachen, um Enn sollt d’Effizienz virum Gol de Katalanen awer e Stréch duerch d’Rechnung maachen, sou dass Paräis an der 1/4-Finall steet.