
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet e Freideg den adaptéierte Kalenner vum Futsal matgedeelt. D’Reprise ass fir de Weekend vum 14. Februar programméiert. De Weekend virdrun ass fir d’Nodrosmatcher virgesinn.
Dann huet d’FLF och d’Modalitéite fir d’Suite vum Futsal annoncéiert. Wann de Championnat net fäerdeg gespillt kéint ginn, gëtt déi Ekipp Champion, déi dee beschte Koeffizient huet. Wa manner wéi d’Hallschent vun de Matcher eréischt gespillt wären, gëtt d’Saison net gewäert. De Playoff an d’Coupe goufen definitiv ofgesot.