VéierschanzentournéeQualifikatioun wéinst dem ville Schnéi ofgesot

RTL Lëtzebuerg
De kräftege Wanterabroch huet den Zäitplang vun der Véierschanzentournée op d'Kopp gehäit. Wéinst dem zolitte Schnéi um Samschdeg konnt net gespronge ginn
© AFP

De Weekend ass zu Bischofshofen an Éisträich dat véiert a lescht Sprange vun der Véierschanzentournée. Um Samschdeg sollt d'Qualifikatioun sinn, dës huet awer missen ofgesot ginn, well ze vill Schnéi an de leschte Stonne gefall ass.

Am Laf vum Dag war ee Meter Schnéi zu Bischofshofen gefall, doduerch goufe fir d'éischt Trainingsspréng ofgesot an um Enn och um kuerz viru 16 Auer d'Qualifikatioun. Den neie Plang vun den Organisateuren gesäit elo vir, datt ee Sonndeg um 13.30 Auer den Training ass. D'Qualifikatioun ass dann um 14.30 Auer, ier d'Sprangen um 17 Auer wäert ufänken. Dëst dann net am K.o.-Modus.

Virum leschte Sprange läit de Ryoyu Kobayashi kloer a Féierung. De Japaner huet déi 3 Sprange vun dëser Véierschanzentournée gewonnen a geet mat engem Virsprong vun ëmgerechent 25,5 Meter op den Däitsche Markus Eisenbichler e Sonndeg an déi lescht Kompetitioun. Op der drëtter Plaz läit den Ament den Norweger Andreas Stjernen mat engem Réckstand vun ëmgerechent 28 Meter. Chancen op de Podium hunn och nach de Pol Kamil Stoch an den Däitschen Stephan Leyhe. Si hunn e Retard vu 36,5 respektiv 38 Meter.

De Kobayashi kann e Sonndeg nom Sven Hannawald an dem Kamil Stoch deen drëtte Schisprénger ginn, deen déi 4 Statioune vun der Véierschanzentournée bei enger Editioun fir sech entscheede konnt.

Back to Top
CIM LOGO