
Nodeems Hesper um Samschdeg mat 5:1 beim Red-Black/Egalité gewonnen hat an domadder eng Ronn weiderkoum, stoung um Sonndeg d’Suite vun de 1/16-Finallen um Programm.
D’Fola ass mat engem bloen An dovukomm an huet no Verlängerung mat 3:1 zu Schengen aus der 1. Divisioun gewonnen. D’Union Titus Péiteng huet sech och réischt no 120 Minutte mat 3:2 zu Ettelbréck duerchgesat.
An de Matcher tëschent Ekippen aus der BGL huet sech Wolz mat 1:0 bei der Jeunesse behaapt. Monnerech war Rouspert doheem mat 0:2 ënnerleeën. Nidderkuer huet Käerjeng doheem mat 1:0 geklappt.
Fir de Rescht hunn d’Favoritten hir Matcher fir sech entscheet. Déifferdeng huet sech knapp mat 2:0 zu Gréiwemaacher duerchgesat, Stroossen huet den Cebra auswäerts mat 6:1 iwwerrannt a Berbuerg aus der Éierepromotioun huet zu Feelen mat 2:1 gewonnen.
Keng Problemer haten de aktuelle Coupegewënner Racing an de Finalist vum leschte Joer F91 Diddeleng. Beim Derby an der Haaptstad huet sech den RFCUL mat 3:0 zu Beggen duerchgesat. Diddeleng huet sech souverän mat 4:1 zu Beetebuerg behaapt.
Munneref a Luxembourg City sinn duerch kloer Victoirë géint Iechternach a Miedernach an déi nächst Ronn agezunn. Duerch eng 3:1-Victoire géint Schengen huet sech och d’US Rëmeleng fir de nächsten Tour qualifizéiert.
Um Freideg hate sech Hueschtert beim FC Mamer an Miersch zu Menster fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert.