
Am nationale Futtball ginn et keng gutt Nouvelle fir den Opsteiger Wolz. De Golkipp Ralph Schon huet sech nämlech d’Bänner am Handgelenk gerass a muss déi nächst Woch operéiert ginn.
De Kipper vun der FLF-Formatioun hat sech scho virun zwee Méint blesséiert, ma trotz Wéi stoung hien nach de 17. November an der Nations League beim 0:0 géint den Aserbaidjan fir d’Rout Léiwen tëscht de Pottoen.
De Schon wäert viraussiichtlech déi nächst 4 Méint ausfalen, feelt domadder net nëmme sengem Veräin an der BGL Ligue, mä och der Futtball-Nationalekipp, déi am Mäerz an d’WM-Qualifikatioun start.