
No enger staarker Ufanksphas vum PSG konnt de Real a Féierung goen. Nom Säitewiessel waren et weider d'Spuenier, déi den Toun uginn hunn. D'Fransousen hunn awer an de leschte Minutten nach eng Kéier opgedréint an d'Partie mat engem Remis op en Enn bruecht.
Fir déi italienesch Ekippen, Juve an Atalanta, gouf et jee eng Victoire an och d'Bayern konnte beim Roude Stär gewannen. De Lewandowski huet an der 2. Hallschecht 4 Goler bannent enger Véierelsstonn markéiert. D'Spurs mam José Mourinho hunn, no engem 0:2-Réckstand no 20 Minutten, um Enn nach 4:2 gewonnen.
Real Madrid - PSG 2:2
2:0 Benzema (17', 79'), 2:1 Mbappé (81'), 2:2 Sarabia (83')
Beim Toppmatch um virleschte Spilldag an der Gruppephas louch eng besonnesch Atmosphär iwwer dem Match Real-PSG. Schonn eleng déi zwee Nimm hu vill versprach an déi ronn 80.000 Spectateuren am Stadion an déi zeg Milliounen hannert den Tëleeën op der ganzer Welt goufen net enttäuscht. De Benzema huet de Score opgemaach, nodeems sech déi Kinneklech propper iwwer riets duerchkombinéiert hunn.
Ganz kuriéis gouf et du kuerz virum Téi. Den Icardi gouf an d'Spëtzt geschéckt an huet sech do beim Courtois, dem Kipper vu Real, deen erauskoum, agekrämpt - Konsequenz: Rout fir de Belsch an Eelefter fir PSG! Ma de Video-Assistent huet sech awer ageschalt an op eng Zeen am Virlaf vum Paräisser Ugrëff opmierksam gemaach. Den Onparteieschen huet de Penalty zeréckgeholl, dem Courtois seng rout Kaart annuléiert an op Fräistouss um Mëttelkrees fir Real entscheet. Ee Kuddelmuddel, deen esou munche Futtballfrënn wuel opgestouss huet. Mat engem 1:0 fir d'Heemekipp goung et an d'Paus.
Direkt fir de Säitewiessel ass den Neymar agewiesselt ginn. D'Fransouse wollte mat der Awiesslung vum Brasilianer all hir PS op den Terrain kréien, ma déi 1. gutt Geleeënheet vun den zweete 45 Minutte war awer fir d'Heemekipp. Am weidere Verlaf waren et weider d'Madrilenen, déi déi besser Golgeleeënheeten haten. Ëmmer nees konnt awer den Ex-Real-Kipper Navas de Kinnekleche mat gudde Paraden ee Stréch duerch d'Rechnung maachen.
An de leschten 10 Minutte gouf et eng weider Kéier kuriéis. Nom 2:0 vum omnipresente Benzema huet Real sech sécher gefillt, ma duerno huet d'éischt de Varane dem Mbappé den Uschlossgol um Platto zerwéiert a kuerz drop huet de Sarabia d'Partie ausgeglach.
De leschten "Hummer" an dëser héichklasseger Partie gouf et duerch ee Fräistouss vum Bale, seng Tentative ass awer um Potto gelant.
Galatasaray - Club Bruges 1:1
1:0 Büyük (11'), 1:1 Diatta (90'+2)
Bruges huet sech mat engem 1:1-Remis am "Hexenkessel" vu Galatasaray zu Istanbul d'Chance op déi 3. Plaz behalen. D'Belsch sinn an der 1. Hallschecht scho fréi am Match a Réckstand geroden, konnten awer duerch den Diatta an der 2. Minutt vun der Nospillzäit ausgläichen - den nämmlechten Diatta ass eng Minutt drop vum Terrain geflunn.
Roude Stär Belgrad - Bayern München 0:6
0:1 Goretzka (14'), 0:2, 0:3, 0:4, 0:5 Lewandowski (53', 60', 64', 68'), 0:6 Tolisso (90')
Den FCB konnt mat enger Victoire beim Roude Stär déi 1. Plaz am Grupp B zementéieren. Zu Belgrad huet dëse Projet och well no knapp enger Véierelsstonn gutt ausgesinn: de Goretzka konnt den 1:0 käppen. Bayern war och an der 2. Hallschecht Här a Meeschter an huet um Enn d'Partie, ë.a. mat mat engem "Véiererpack" vum "Lewy", souverän gewonnen.
Tottenham - Olympiakos Piräus 4:2
0:1 El Arabi (6'), 0:2 Semedo (19'), 1:2 Alli (45'+1), 2:2, 4:2 Kane (50', 77'), 3:2 Aurier (73')
Den Nei-Trainer vun de Spurs, José Mourinho, krut a sengem éischten internationale Match mat Tottenham an den éischten 20 Minutten direkt déi kal Dusch. Den Underdog aus Griichenland hat d'Englänner um falsche Fouss erwëscht. Kuerz virum Téi koumen d'Londoner awer nees zeréck an de Match. 5 Minutten nom Téi huet de Kane op 2:2 gesat an domat wuel de Bols vu sengem Trainer erofgedréckt. Spéitstens nom 3:2 vum Aurier konnt de portugisesche Star-Trainer opootmen. Tottenham huet den Ticket fir d'1/8-Finalle gebucht.
ManCity - Shakhtar Donetsk 1:1
1:0 Gundogan (56'), 1:1 Solomon (69')
D'Ekipp vum Trainer Guardiola ass scho sécher an der nächster Ronn, deementspriechend geloosse sinn d'Citizens an d'Parte géint Donetsk gaangen - 0:0 no 45 Minutten. Kuerz no der Paus konnt den englesche Champion de Score awer duerch de Gundogan opmaachen, éier d'Ukrainer 20 ausgläiche konnten. Um Enn stoung et 1:1 gläich.
Atalanta - Dynamo Zagreb 2:0
1:0 Muriel (27'), 2:0 Gomez (47')
D'Italiener hu missen onbedéngt gewannen, fir sech um leschte Spilldag mat engem Succès op internationalem Plang ze halen. Atalanta ass mat enger 1:0-Féierung an d'Paus gaangen. Direkt nom Säitewiessel konnt de Favoritte-Schreck aus der Serie A op en Neits treffen a d'Partie domat entscheeden.
Juventus - Atletico 1:0
1:0 Dybala (45'+2)
Datt bei der Partie tëscht der Juve an dem Atletico, traditionell zwou defensiv staark Ekippen, kee Golspektakel ze erwaarde war, war am Virfeld vun der Partie scho gewosst. Wéineg verwonnerlech also, datt den 1. Gol vun der Partie op Standard gefall ass - den Dybala huet ee Fräistouss aus spatzem Wénkel ënner d'Lat gehummert. An den zweete 45 Minutten ass kee Gol méi gefall an d'Juve mat där Victoire sécher den Tabellenéischten.
Lok. Moskau - Bayer Leverkusen 0:2
0:1 Zhemaletdinov - Selbstgol (11'), 0:2 Bender (54')
Leverkusen iwwerwantert international - dat ass de Verdikt no der Auswäertsvictoire vun der Werkself zu Moskau. Bayer konnt sech duerch ee Selbstgol an der 1. an ee Gol vum Bender an der 2. déi 3. Plaz an der Tabell sécheren. Deemno wéi de leschte Spilldag am Grupp D verleeft, huet d'Ekipp vum Trainer Bosz souguer nach d'Chance, op d'Plaz 2 ze sprangen.