
Am Grupp A huet Bayern München e Mëttwoch den Owend och de véierte Match gewonnen an dat mat 3:1 géint Salzburg. Den däitsche Rekordchampion ass duerch dës Victoire eng Ronn weider. No engem Remis tëscht Atlético Madrid a Lokomotive Moskau bleift ëm déi zweete Plaz weider spannend. Och Salzburg huet nach Chancen, fir weider ze kommen.
Am Grupp B huet sech Real Madrid an engem schwaache Match an Iwwerzuel mat 2:0 géint Inter Mailand duerchgesat. Fir Real Madrid a Gladbach, déi mat 4:0 géint Donezk gewonnen hunn, gesäit gutt aus, fir sech fir d’KO-Phas ze qualifizéieren. Inter Mail steet dogéint fir drëtte Kéier nonee virum Out.
Manchester steet no véier Victoiren a véier Matcher an den Aachtelsfinallen. Si hunn am Grupp C mat 1:0 géint Olympiakos Piräus gewonnen. Donieft gesäit et hei nach gutt fir Porto aus, dat no enger 2:0-Victoire géint Marseille.
Am Grupp D gouf et eng iwwerraschend Defaite fir Liverpool. Eng deziméiert Ekipp vum Jürgen Klopp huet sech misse mat 0:2 géint Bergamo geschloe ginn. Den englesche Championnat steet mat 9 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell. Op de Plazen zwee an dräi Ajax a Bergamo mat 7 Punkten.
Inter Mailand - Real Madrid 0:2
0:1 Hazard (7', Eelefmeter), 0:2 Rodrygo (59')
No zwee Remisen an enger Néierlag an dëser Gruppephas vun der Champions League stoung Inter Mailand e Mëttwoch den Owend schonn ënner Drock, fir um Enn nach eng realistesch Chance op e Weiderkommen ze behalen.
Fir d’Ekipp vum Conte ass et awer direkt schlecht lassgaangen. Schonn an der 7. Minutt ass een nämlech mat 0:1 a Réckstand geroden. No engem Foul vum Barella ass dem Arbitter näischt anescht iwwreg bliwwen, wéi op den Eelefmeterpunkt ze weisen. Den Hazard huet sech der Saach ugeholl a fir d’Gäscht op 1:0 gesat.
Inter huet duerno probéiert, fir méi fréi ze attackéieren, ma doduerch sinn awer och Lächer fir Real entstanen. An der 13. Minutt ass du bal den 2:0 fir d’Gäscht gefall. De Vazquez hat et mat engem stramme Schoss aus der Distanz probéiert, ma säi Schoss ass um Potto hänke bliwwen. De Golkipp vun Inter hätt hei keng Chance gehat.
Duerno ass et weider e Match op engem net ganz héijen Niveau bliwwen a vill Chancë gouf et net. Inter huet een den Drock ugemierkt, ma si konnte kaum Akzenter am Match setzen a Real huet de Match kontrolléiert. Fir Inter ass et dunn an der 33. Minutt nach méi batter ginn, well vun do u war een an Ënnerzuel. Nodeems de Vidal am Strofraum de Buedemkontakt verluer hat, war hien net zefridde mam Arbitter senger Entscheeder, fir keen Eelefmeter ze päifen, an huet gemeckert. Nodeems hie sech no enger Gieler Kaart net berouegt huet, krut hie Giel-Rout gewisen a konnt an d’Dusch goen.
Bis d’Paus ass net méi vill geschitt an esou louch Real mat 1:0 a Féierung.
Och an den zweete 45 Minutte war et dat nämmlecht Bild. Inter ass einfach näischt agefall an d’Ekipp vum Zidane huet de Ball a senge Reie lafe gelooss. An der 59. Minutt huet et dunn eng weider Kéier am Gol vun Inter gerabbelt. Den Hakimi huet de Ball ofgefälscht, sengem Golkipper keng Chance gelooss an dat ronnt Lieder an den eegene Gol gesat.
Bis zum Schluss vum Match ass kaum nach eppes geschitt. Op béide Säite gouf et keng richteg gutt Chancë méi. No engem schwaache Match huet Real Madrid um Enn mat 2:0 géint Inter Mailand gewonnen. D’Italiener hunn de Ball wärend den 90 Minutten nëmmen eemol wierklech op de Gol bruecht.
No dëser Néierlag riskéiert Inter fir d’drëtte Kéier noneen d’Aachtelsfinalle vun der Champions League ze verpassen. Fir Real Madrid sinn et dräi wichteg Punkten.
Borussia Mönchengladbach - Schachtar Donezk 4:0
1:0 Stindl (17', Eelefmeter), 2:0 Elvedi (34'), 3:0 Embolo (45+1'), 4:0 Wendt (77')
Olympiakos Piräus - Manchester City 0:1
0:1 Foden (36')
Olympique Marseille - FC Porto 0:2
0:1 Sanusi (39'), 0:2 Sergio Oliveira (72')
FC Liverpool - Atalanta Bergamo 0:2
0:1 Ilicic (60'), 0:2 Gosens (64')
Ajax Amsterdam - FC Midtjylland 3:1
1:0 Gravenberch (47'), Mazraoui (49'), 3:0 Neres (66'), 3:1 Mabil (80', Eelefmeter)
Bayern München - RB Salzburg 3:1
1:0 Lewandowski (42'), 2:0 Wöber (52', Selbstgol), 3:0 Sané (68'), 3:1 Berisha (73')
Atlético Madrid - Lokomotive Moskau 0:0