Champions LeaguePSG wënnt géint Leipzig, BVB ouni Problemer géint Bruges

RTL Lëtzebuerg
An de Gruppen E a G sinn op dësem Spilldag schonn éischt Decisioune gefall, spannend dogéint bleift et an de Gruppen F an H.
© AFP

En Dënschdeg war den éischten Deel vum véierte Spilldag an der Champions League, wou scho verschidden Decisioune gefall sinn. Esou sinn an der Grupp E Chelsea a Sevilla béid mat 10 Punkte weider. An de leschten zwee Matcher entscheet sech dann nach just, wien als Gruppegewënner weiderkënnt an ob Krasnodar oder Rennes d’Europa League Plaz kréien. An der Grupp G si Barcelona Juventus sécher duerch, ma wéi am Grupp E ass nach net kloer, wien Éischte gëtt. Kiew a Budapest mussen déi drëtt Plaz ënnert sech mussen ausmaachen.

An der Grupp F hu Lazio an de BVB eng gutt Ausgangspositioun, ma reng rechneresch si si nach net duerch, Bruges ass et hei nach méiglech, fir theoretesch weiderzekommen. Zenit ass schonn e bëssen ofgeschloen. Am Grupp H dogéint ass nach alles op. Manchester huet do 9 Punkten, awer just 3 Avance op de PSG a Leipzig. An och Istanbul huet mat 3 Punkten nach eng kleng Chance, déi nächst Ronn z’erreechen.

De Resumé vun de Matcher / Reportage vum Jeff Kettenmeyer

Grupp H

Paris-Saint-Germain - RB Leipzig 1:0
1:0 Neymar (11', p)

Den Allermatch konnt Leipzig bei sech nach mat 2:1 entscheeden an huet esou virun dësem Match eng besser Ausgangspositioun an der Grupp, wéi de franséische Champion. Et huet awer net laang gedauert, bis Paräis a Féierung gaangen ass. De Sabitzer hat am Storfraum den De Maria geluecht an den Arbitter hat op de Punkt gewissen. Den Neymar hat sech et net huele gelooss, fir aus Eelefmeter seng Ekipp a Féierung ze bréngen.

Paräis-Leipzig 1:0 Neymar (11',p)
No engem Foul am 16 Meter huet den Arbitter op de Punkt gewisen. Déi Chance huet sech de Brasilianer net huele gelooss.

Et war en Deels hektesche Match mat och e puer méi onschéinen Zeenen. An der 38. Minutt huet d’Ekipp vum PSG d’Welt net méi verstanen, wéi den Mbappé am Strofraum leie bliwwen ass, ma den Arbitter net nees op en Eelefmeter decidéiert huet. Fir hien hat den Defenseur vu Leipzig kloer de Ball gespillt. Wéi den Neymar du kuerz drop no engem Foul um Sabitzer Giel gesinn huet, waren d’Reklamatioune beim Onparteiesche grouss, mam Resultat fir eng weider giel Kaart fir de Paredes. Vill Golchance konnte sech béid Ekippen awer net erausspillen, esou datt et mam 1:0 fir Paräis an d’Paus goung.

PSG-Leipzig: Highlights vun der 1. Hallschent
1:0 war Paräis an der Paus vir.

Kuerz nom Säitewiessel hat de Fosberg no enger Flank eng gutt Chance op den Ausgläich, ma säi Schoss aus gudder Positioun hat de Gol net getraff. Kuerz drop eng méi onschéin Zeen, de Sabitzer war an engem Zweekampf mam Mbappé gefall an de Fransous wollt nach iwwert hie sprangen, lant dem Defenseur awer dobäi um Aarm. D’Blessur war awer net esou uerg, de Sabitzer konnt weidermaachen. Leipzig huet an der zweeter Hallschent probéiert, fir de Retard opzehuelen, ma d’Defense vum Paräis stoung gutt, esou datt d’Chancen net genotzt konnte ginn. An der Nospillzäit hat de PSG nach eng gutt Chance, ma hei war de Golkipp um Posten, fir dat ze verhënneren. Et sollt fir Leipzig, déi méi Ballbesëtz an och méi Ofschlëss haten, zum Schluss awer net duergoen, fir zu Paräis nach e Punkt matzehuelen.

PSG-Leipzig: Highlights vun der 2. Hallschent
Leipzig hat am grousse Ganze méi vum Match, et sollt awer net duergoen, fir e Punkt zu Paräis matzehuelen.

Manchester United - Istanbul Basaksehir 4:1
1:0 Fernandes (7'), 2:0 Fernandes (19'), 3:0 Rashford (35',p), 3:1 Türüc (75'), 4:1 James (90+2)

Resumé vum Match Manchester United - Istanbul Baskasehir
Eng kloer Victoire gouf et doheem fir Manchester.

Grupp F

Borussia Dortmund - FC Bruges 3:0
1:0 Haaland (18'), 2:0 Sancho (45'), 3:0 Haaland (60')

3:0 konnt sech de BVB zu Bruges duerchsetzen, ma mat enger Victoire zu Dortmund wieren d’Belsch nach ëmmer am Geschäft. An och doheem huet Dortmund fréi gewissen, datt si déi 3 Punkte wëllen. No 18 Minutte war den Haaland bei enger Pass an d’Déift méi séier wéi d’Defense an huet dem Golkipp keng Chance gelooss. An der 45. Minutt konnt de Sancho op 2:0 erhéijen. No engem Foul krut de BVB e Fräistouss zentral op ronn 20 Meter an de Sancho huet dëse schéin an de rietsen Eck placéiert. Mat deem Resultat goung et dunn och an d’Paus.

No enger Stonn huet den Haaland op en Neits zougeschloen. Hein hat profitéiert, datt e Verdeedeger de Ball a seng Richtung gekläert huet an esou stoung de jonke Stiermer eleng virum Gol.

Lazio Roum - Zenit St. Petersburg 3:1
1:0 Immobile (3'), 2:0 Parolo (22'), 2:1 Dzyuba (25'), 3:1 Immobile (55')

Champions League: Resumé vum Grupp F
Dortmund a Lazio hu sech an eng gutt Ausgangspositioun bruecht, fir d’Aachtelsfinalle vun der Champions League z’erreechen.

Grupp E

FK Krasnodar - FC Sevilla 1:2
0:1 Rakitic (4'), 1:1 Sousa Campos (56'), 1:2 El Haddadi (90'+5)

Stade Rennes - FC Chelsea 1:2
0:1 Hudson Odoi (22'), 1:1 Guirassy (85'), 1:2 Giroud (90'+1)

Champions League: Resumé vun der Grupp E
No Victoirë konnte sech Chelsea a Sevilla schonn nom 4 Spilldag fir déi nächst Ronn qualifizéieren.

Grupp G

Dynamo Kiew - FC Barcelona 0:4
0:1 Dest (52'), 0:2 Braithwaite (57'), 0:4 Braithwaite (70',p), 0:4 Griezmann (90'+2)

Juventus Turin - Ferencavaros Budapest 2:1
0:1 Uzuni (19'), 1:1 Ronaldo (35'), 2:1 Morata (90+2)

Champions League: Resumé vun der Grupp G
Barcelona an och Juventus konnte sech mat de Victoire vun haut sécher fir déi nächste Ronn qualifizéieren.

All d’Resultater an Tabellen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO