Champions LeagueReal Madrid a Gladbach an der K.O.-Phas, Inter eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend stoungen an der Kinneksklass déi lescht Matcher vun der Gruppephas um Programm.

Am Grupp A konnt sech Bayern géint Lokomotiv Moskau duerchsetzen a steet no enger Victoire vun Atlético mat der Ekipp aus Madrid zesummen an den Aachtelsfinallen. Fir RB Salzburg geet et mat der 3. Plaz an der Europa League weider.

De Grupp B, an deem sech nach all Ekipp fir d’K.O.-Phas qualifizéiere konnt, ass et um Enn Real Madrid a Mönchengladbach, déi op de Plazen 1 an 2 stinn. Duerch e Remis tëscht Shakhtar an Inter Mailand steet d’Ekipp aus der Ukrain an der Europa League während Inter de Grupp op der 4. Plaz ofschléisst.

Scho virun de leschte Matcher stoung am Grupp C mat Manchester City a Porto fest, wien et an déi nächst Ronn packe géif. Piräus a Marseille stinn um Enn mat nëmmen 3 Punkten do, duerch den direkte Vergläich spillt awer d’Ekipp aus Griechenland an der Europa League weider.

Am Grupp D steet no engem 1:1 géint Midtjylland den FC Liverpool op der 1. Plaz an zitt sou mat Atalanta an d’Aachtelsfinallen an. D’Ekipp vu Bergamo konnt sech mat 1:0 géint Ajax behaapten a sech sou déi zweet Plaz an der Tabell huelen.

Nodeems en Dënschdeg den Owend de Match tëscht PSG a Basaksehir ofgebrach gouf, ass e Mëttwoch zu Paräis weidergespillt ginn. Duerch eng kloer 5:1-Victoire séchert sech de franséische Champion déi 1. Plaz am Grupp H a Basaksehir Istanbul steet um Enn mat 3 Punkten op der 4. Plaz.

Grupp B

Real Madrid - Mönchengladbach 2:0
1:0 Benzema (9'), 2:0 Benzema (32')

Fir Real Madrid stoung am leschte Match vun der Gruppephas vill um Spill, wat een an den éischte Minutten um Terrain och gemierkt huet. Déi Kinneklech waren engagéiert a sinn sou no net mol 10 Minutten och a Féierung gaangen. No enger Flank vum Vazquez huet de Benzema mam Kapp op 1:0 fir d’Lokalekipp gestallt.

Den 1:0 fir Real Madrid duerch de Benzema
De Benzema huet Real mam Kapp fréi a Féierung bruecht.

Gladbach huet direkt no enger Äntwert gesicht, ma Real huet et de Fohlen net einfach gemaach a si fréi ënner Drock gersat. An der 32. Minutt war et dann nees eng Flank, déi den zweete Gol fir Madrid virbereet huet. Nees stoung de Benzema op der richteger Plaz, dee mam Kapp op 2:0 erhéije konnt.

Den 2:0 fir Real Madrid duerch de Benzema
De Benzema konnt no enger hallwer Stonn op 2:0 erhéijen.

Kuerz virun der Paus war et dann de Modric, deen de Ball eng drëtte Kéier am Gol ënnerbrénge konnt, ma e puer Sekonne virdru stoung de Varane beim Zouspill am Abseits, sou dass de Gol net gezielt huet. Mat enger verdéngter 2:0-Féierung ass et fir Real Madrid also an d’Paus gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent.
No 45 Minutten ass Real Madrid mat enger verdéngter 2:0-Féierung an d’Paus gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet Gladbach ufanks den Tempo erhéicht, ass awer ni sou richteg geféierlech virun de géigneresche Gol komm. Real Madrid ass dat besser gelongen a sou huet de Potto e puer Mol e weidere Gol fir d’Lokalekipp verhënnert. Um Enn sollt et awer bei deem Spillstand bleiwen a sou steet eng verdéngt 2:0-Victoire fir Madrid, an där de Gaascht vu Mönchengladbach sech schwéier gedoen huet.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent.
Am zweeten Duerchgang huet sech um Spillstand näischt méi geännert.

Duerch de Remis tëscht Inter Mailand a Shakhtar Donezk huet et Gladbach trotzdeem fir déi éischt Kéier an der Veräinsgeschicht an d’K.O.-Phas gepackt, wat d’Spiller nom Match mat e bësse Retard och um Handy matkruten a sech deementspriechend gefreet hunn.

Freed bei de Spiller vu Gladbach nom Match
Trotz der Defaite ass et fir Gladbach nom Match géint Real eppes ze feiere ginn.

Inter Mailand - Shakhtar 0:0

De Resumé vum Match Inter Mailand géint Shakhtar.
Duerch e Remis huet et Shakhtar nach an d’Europa League gepackt.

Grupp A

Bayern - Lokomotiv Moskau 2:0
1:0 Süle (63'), 2:0 Choupo-Moting (80')

RB Salzburg - Atlético Madrid 0:2
0:1 Hermoso (38'), 0:2 Carrasco (86')

D'Resuméë vum Grupp A.
Am Grupp A hunn et d’Bayern an Atletico Madrid an d’Aachtelsfinalle gepackt.

Grupp C

Manchester City - Marseille 3:0
1:0 Ferran Torres (48'), 2:0 Aguero (77'), 3:0 Sterling (90')

Olympiacos - Porto 0:2
0:1 Otavio (10'), 0:2 Uribe (77')

D'Resuméë vum Grupp C
Fir Manchester City a fir den FC Porto geet et an der K.O.-Phas weider an Olympiacos huet et nach an d’Europa League gepackt.

Grupp D

Midtjylland - Liverpool 1:1
0:1 Salah (1'), 1:1 Scholz (62')

Ajax - Atalanta 0:1
0:1 Muriel (85')

D'Resuméë vum Grupp D
Am Grupp D konnte sech Liverpool an Ajax d’Plazen an der Aachtelsfinall sécheren.

Grupp H

PSG - Basaksehir 5:1
1:0 Neymar (21'), 2:0 Neymar (38'), 3:0 Mbappe (42'), 4:0 Neymar (50'), 4:1 Mehmet Topal (57'), 5:1 Mbappe (62')

De Resumé vum Match PSG - Basaksehir
PSG huet sech mat der Victoire géint Basaksehir déi éischt Plaz am Grupp H geséchert.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO