Champions LeagueReal Madrid géint Liverpool a Paräis géint Bayern München

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg war zu Nyon an der Schwäiz den Tirage vun den Aachtelsfinallen an der Champions League.
© AFP (Archiv)

Auslousung Champions League / Reportage Franky Hippert

Zejoert war et den Duell an der leschter Ronn tëscht dem FC Liverpool a Real Madrid, mam besseren Enn fir d‘Spuenier. Iwwregens, genee wéi och schonn an der Finall 2018. Esou heescht dann dëst Joer eng vun den Aachtelsfinallen.

An der Finall 2020 stoungen sech de Paris Saint Germain a Bayern München géigeniwwer. Dës Kéier treffen déi zwou Ekippe scho méi fréi openeen.

Bei deenen aneren däitsche Veräiner huet RB Leipzeg e schwéiert Lous mat Manchester City, Eintracht Frankfurt kritt et bei senger éischter Aachtelsfinall an der Champions League mam SSC Neapel ze dinn a Borussia Dortmund spillt géint den FC Chelsea.

Da sinn et nach d‘Dueller tëscht dem Club Bruges a Benfica Lissabon, tëscht dem AC Mailand an Tottenham an tëscht Inter Mailand an dem FC Porto.

D’Allersmatcher vun den Aachtelsfinalle ginn de 14., 15., 21. an 22 Februar gespillt, iwwerdeems d’Retourmatcher fir de 7., 8., 14. a 15. Mäerz geplangt sinn. D’Finall ass den 10. Juni zu Istanbul.

D’Matcher am Iwwerbléck:

RB Leipzig - Manchester City

FC Bruges - Benfica Lissabon

FC Liverpool - Real Madrid

AC Mailand - Tottenham Hotspur

Eintracht Frankfurt - SSC Neapel

Borussia Dortmund - FC Chelsea

Inter Mailand - FC Porto

Paris St. Germain - Bayern München

Back to Top
CIM LOGO