Champions LeagueReal Madrid ka sech doheem géint Chelsea duerchsetzen

RTL Lëtzebuerg
Real gewënnt mat 2:0. Am zweete Match vum Owend konnt sech den AC Mailand am San Siro mat 1:0 géint Neapel duerchsetzen.
© AFP

Nodeems en Dënschdeg ënnert anerem Manchester City mat 3:0 Bayern München geschloen huet, sinn e Mëttwoch mat Real Madrid géint Chelsea a Milan géint Neapel déi zwee lescht Allersmatcher vun de Véierelsfinallen vun der Champions League gespillt ginn.

Real Madrid ka sech no Goler vu Benzema an Asensio mat 2:0 géint Chelsea duerchsetzen an huet sech domat eng ganz gutt Ausgangspositioun erspillt fir de Retourmatch. Den AC Mailand ka sech am zweete Match mat 1:0 géint Neapel behaapten. De Gol vum Dag huet de Bennacer kuerz virun der Paus geschoss.

D’Retourmatcher gi schonn déi nächste Woch gespillt.

Resumé Champions League / Reportage: Guy Seyler

Real Madrid - FC Chelsea 2:0

1:0 Benzema (21'), 2:0 Asensio (74')

D’Ekipp vum Frank Lampard huet sech vun Ufank un am Santiago Bernabeu net verstoppt an huet versicht, mat héijem Pressing der Defensiv vum Real den Zant ze zéien. Grouss Chancen haten d’Blues awer net. Et huet bis zur 13. Minutt gedauert bis de Real sengersäits a Persoun vum Benzema eng éischte Kéier richteg geféierlech virum Kepa opgedaucht ass. Dem Benzema säi Schoss sollt de Schlussmann vun de Blues awer gutt paréieren. An der 17. Minutt ass dem Valverde säin Distanzschoss iwwert de Gol gaangen.

Real ass lues awer sécher besser an de Match komm an huet sech an der 21. Minutt belount. De Kepa konnt de Schoss vum Vinicius Junior just virum Benzema seng Féiss paréieren, sou dass de Fransous de Ball just nach an de Gol huet missen drécken.

Chelsea hat quasi am Géigenzuch d’Chance, den Ausgläich ze markéieren, sollt hire Meeschter um Courtois awer fannen. An der Suite vun der 1. Hallschent ass net méi all ze vill komm vun de Londoner, sou dass d’Féierung vum Real an der Paus an d’Rei gaangen ass.

Déi beschten Zeenen aus der 1. Hallschent
De Benzema huet Real an der 21. Minutt mat 1:0 an d’Paus geschoss.

No der Paus stoung de bloe Block vun Chelsea relativ déif an huet et esou verhënnert, dass de Real zu weidere gudde Chancë komm ass. An der 59. Minutt huet Chelsea sech d’Liewen du selwer nach méi schwéier gemaach. De Rodrygo ass eleng op de Gol vum Kepa duergelaf an den Chilwell konnt de Madrilen just mat enger Noutbrems stoppen - Rout Kaart fir den Chilwell an Chelsea huet déi lescht 30 Minutte missen an Ënnerzuel spillen.

An der 74. Minutt huet de frësch agewiesselten Ascensio fir d’Virentscheedung gesuergt. Chelsea hat et an Ënnerzuel nom 0:2 natierlech nach méi schwéier an huet sech dorops besënnt, net nach e Géigegol ze kréien. De Real konnt sech keng weider gutt Chancen erausspillen, sou dass d’Ekipp vum Carlo Ancelotti mat 2:0 géint Chelsea London gewënnt.

Déi beschten Zeenen aus der 2. Hallschent
No der rouder Kaart fir de Chilwell ass et schwéier gi fir Chelsea.

AC Mailand - SSC Neapel 1:0

1:0 Bennacer (40')

De Resumé vum AC Mailand géint SSC Neapel
Den AC Mailand konnt sech duerch de Gol vum Bennacer an der 40. Minutt mat 1:0 behaapten

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO