Internationale FuttballReal Madrid mat Remis beim Opsteiger Elche

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Remis vu Real huet Atlético Madrid seng Féierung an der Tabell ausgebaut. An England gouf et och just e Remis fir Liverpool zu Newcastle.
© AFP (Archiv)

Premier League

Newcastle United - Liverpool 0:0

Mat engem Match ouni Goler geet d’Joer fir den englesche Champion Liverpool an der Premier League op en Enn. E Mëttwoch den Owend, dräi Deeg nom 1:1 géint West Brom, ass d’Ekipp vum Jürgen Klopp trotz de bessere Chancen net iwwert een 0:0 bei Newcastle United erauskomm.

Tottenham Hotspur - FC Fulham (verluecht)

De Match ass wéinst Corona-Fäll bei Tottenham Hotspur ofgesot ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Atlético Madrid - FC Getafe 1:0
1:0 Suarez (20')

Den Tabelleleader am spuenesche Championnat Atlético Madrid huet e Mëttwoch den Owend mat 1:0 géint Getafe gewonnen. Den decisive Gol huet de Suarez an der 20. Minutt geschoss. No engem Fräistouss vum Carrasco huet den Uruguayer de Ball am Strofraum mam Kapp verwandelt. Fir de Suarez war et deen 8. Gol an dëser Saison. Duerch dës Victoire bleift den Atlético un der Spëtzt vun der Tabell.

Elche - Real Madrid 1:1
0:1 Modric (20'), 1:1 Fidel (52', Eelefmeter)

Real Madrid huet am Match bei Elche an den éischte 45 Minutten eng dominant a konzentréiert Virstellung gewisen a louch héich verdéngt duerch e Gol vum Modric an der 20. Minutt mat 1:0 a Féierung. No der Paus huet den Arbitter dunn allerdéngs een Eelefmeter fir d’Lokalekipp gepaff, dat nodeems de Carvajal de Barragan am Strofraum no enger Fräistoussflank ze laang festgehalen hat. De Fidel huet sech der Saach ugeholl an op 1:1 gesat. Den Ausgläich huet Real aus dem Trëtt bruecht. An der 63. Minutt hat Elche d’Chance, fir mat 2:1 a Féierung ze goen, ma dem Rigoni säi Schoss ass um Potto hänke bliwwen. Real huet duerno probéiert, fir sech dach nach déi dräi Punkten ze sécheren, ma Elche konnt mam Drock vu Madrid gutt ëmgoen an huet kee Gol méi zougelooss. Um Enn muss sech als Real Madrid mat engem 1:1-Remis beim Opsteiger zefridde ginn. An der Tabell huet Madrid zwee Punkte Retard op den Atlético, deen allerdéngs zwee Matcher manner um Konto huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO