
Arsenal an Manchester United konnten iwwerdeems an der Premier League hir Matcher fir sech entscheeden.
Real Madrid huet dogéint 2 Punkten hänke gelooss.
Union Berlin - Mönchengladbach 2:1
0:1 Elvedi (33'), 1:1 Behrens (79'), 2:1 Doekhi (90+7')
Duerch e Last-Minute-Succès bleift Union Berlin an Däitschland un der Tabellespëtzt. An der 1. Hallschent hat Gladbach liicht méi vum Spill. Nodeems dem Becker säi Gol op Säite vun de Berliner wéinst engem Handspill net gezielt huet, ass dem Elvedi den 1:0 fir Gladbach gelongen. No der Paus war d’Heemekipp méi aktiv an huet an der 79. Minutt de verdéngten Ausgläich markéiert. Union huet awer weider no vir gespillt a gouf mat der leschter Aktioun belount. No engem Corner huet den Doekhi de Ball fir seng Faarwen an de Filet gekäppt.
Schalke - Freiburg 0:2
0:1 Grifo (45+1'), 0:2 Grifo (61', Eelefmeter)
Beim Tabelleleschten huet Freiburg vun Ufank un de Match gemaach. Et huet awer bis an d’Nospillzäit gedauert, éier de Grifo den 1:0 fir Freiburg markéiert huet. Den Italieener huet nom Säitewiessel no engem Eelefmeter op 2:0 erhéicht. Schalke hat an der Suite näischt meí dogéint ze setzen, soudass et beim verdéngten 2:0-Erfolleg fir d’Gäscht bliwwen ass. De Mann vum Match war de Vincenzo Grifo.
Köln - Hoffenheim 1:1
1:0 Kainz (13'), 1:1 Bruun Larsen (36')
Köln spillt nëmmen 2 Deeg nom Conference League Match e Sonndeg den Owend 1:1 géint Hoffenheim. Den Effzeh war an der éischter Hallschent spillbestëmmend an ass ëmmer nees geféierlech virum Gol vum Baumann opgedaucht. De Bruun Larsen huet quasi mat der 1. Chance fir d’Gäscht den Ausgläich nach virun der Paus konnte markéieren. Nom Téi sinn d’Been beim FC dunn awer ëmmer méi schwéier ginn, Hoffenheim huet hirersäits iwwert de ganze Match offensiv ze wéineg gewisen, sou dass d’Punktedeelung fir béid Ekippe gerechtfäerdegt ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Arsenal - Nottingham Forest 5:0
1:0 Martinelli (5'), 2:0 Nelson (49'), 3:0 Nelson (52'), 4:0 Teye (57'), 5:0 Ödegaard (78')
Arsenal huet sech um Enn kloer mat 5:0 géint Nottingham Forest behaapt. Nodeems d’Heemekipp séier a Féierung gaange war, huet Nottingham bis zur Paus gutt dogéint gehalen. De Nelson huet mat 2 séiere Goler nom Säitewiessel fir d’Virentscheedung gesuergt. Den Teye an den Ödegaard hunn déi 2 weider Goler markéiert. Duerch dëse Succès bleift Arsenal un der Spëtzt vun der Tabell.
Manchester United - West Ham 1:0
1:0 Rashford (38')
Eng glécklech Victoire gouf et dogéint fir Manchester United. De Rashford hat an der 38. Minutt seng Ekipp a Féierung geschoss. Nom Téi huet West Ham sech vill Chancen erausgespillt, den David de Gea am Gol huet awer kee Ball laanscht gelooss. Um Enn sollt et beim 1:0 bleiwen. Manchester United huet elo säit 8 Matcher net méi verluer.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Turin - AC Mailand 2:1
1:0 Djidji (35'), 2:0 Miranchuk (37'), 2:1 Messias (67')
Mailand léisst géint Turin wichteg Punkte leien a steet elo op der 3. Plaz an der Tabell, 6 Punkten hannert Neapel.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Real Madrid - Girona 1:1
1:0 Vinicius Junior (70'), 1:1 Stuani (80', Eelefmeter)
No enger schwaacher 1. Hallschent hat Real Madrid méi vun der Partie, ouni sech grouss Geleeënheeten erauszespillen. Mat enger vun den éischte Méichlegkeeten huet de Vinicius Junior seng Ekipp mat 1:0 vir bruecht. Girona huet awer net opginn an huet 10 Minutte méi spéit ausgeglach. An der Nospillzäit ass dunn och nach den Toni Kroos vum Terrain geflunn. Um Enn huet Real géint den Opsteiger Girona zwee Punkten hänke gelooss a huet an der Tabell just nach 1 Punkt Virsprong op Barcelona.