Kuerz virun 10.30 Auer e Mëttwoch de Moien um Stade Josy Barthel. De Frédéric Margue preparéiert säi mobile Labo, fir e Leeschtungstest mat der Liichtathletin Vera Hoffmann ze maachen. Um Plang stoung 1 Mol 1.000 Meter, 3 Mol 2.000 Meter an um Enn nach eng 600 Meter, bei deenen dono respektiv virdrun d’Laktatwäerter gemooss ginn. Op der Pist soll d’Vera Hoffmann déi verschidden Distanzen a bestëmmten Zäite lafen. Beim Test geet et net drëms, eng komplett Auslaaschtung ze maachen, wéi een dat soss emol vu Leeschtungstester gewinnt ass, de Choix, fir et trotz net optimale Wiederkonditiounen dobaussen ze maachen, huet säi Grond.
Fir d’Athletin Vera Hoffmann a fir all déi aner Athleten, déi am Moment dës Tester maachen, huet et de Virdeel, datt een iwwer Joren eng Datebank kritt, déi interessant a wichteg Donnéeë ka liwweren.
Och wa fir déi meescht Sportler vill manner Kompetitiounen am Joer 2020 ware wéi gewinnt, sou sinn d’Testresultater dem Frédéric Margue no awer gutt. Een Zeechen, datt d’Lëtzebuerger Sportler och a schwieregen Zäite motivéiert sinn.
