FuttballRout Léiwe spillen de 24. Mäerz zu Wien géint de Katar

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun offiziell an engem Schreiwes matgedeelt.
© pressphoto Archiv

De Katar ass jo Deel vum Grupp A vun der WM-Qualifikatioun, spillt do zweemol géint all Géigner, allerdéngs ginn an dëse Partië keng Punkten an der Tabell verdeelt, mä zielen souzesoen als international Frëndschaftsmatcher.

3 Deeg duerno spillt Lëtzebuerg fir den Optakt vun der WM-Quali an Irland.

De Match géint de Katar gëtt de 24. Mäerz um 18 Auer an der Generali Arena zu Wien gespillt.

Offiziellt Schreiwes

Communiqué aux médias – Medien-MitteilungNuméro : 53 - 2020/2021

Date : 10 février 2021

Match international Qatar - Luxembourg, 24.03.2021

L’UEFA vient de nous informer ce matin, que le match international contre le Qatar aura lieu le 24 mars 2021 à 18h00 au Generali Arena à Vienne.

Nous vous rappelons que le Qatar jouera contre toutes les nations du groupe « A » dans le cadre des matchs de qualification pour la Coupe du Monde 2022 au Qatar.

Back to Top
CIM LOGO