0-1 huet d’Futtballnationalekipp e Mëttwoch géint Katar verluer. Den Organisateur vun der Weltmeeschterschaft ass zwar am Grupp A mat de Lëtzebuerg, allerdéngs ginn et an den zwee Matcher géint den Asien-Meeschter keng Punkten. Deemno war et och nëmmen een Testmatch.
Et ass kee Geheimnis, dass de Luc Holtz an deene Matcher och gären Test. Dat huet hien och gemaach. Déi 11, déi ugefaangen hunn, si sécherlech net déi selwecht, déi e Samschdeg zu Dublin an Irland wäerte mat ufänken. Duerch een individuelle Feeler hunn d’Lëtzebuerger verluer. Op där anere Säit waren d’Jonge vum Luc Holtz virum géigneresche Goal net opportunistesch genuch.
Mir hunn et leider net fäerdeg bruecht, eis Golchancen eran ze maachen. Ech denken, wat Dominanz ugeet, hu mir 80 Minutte ganz gutt gespillt.
Och wann de Match mat 0-1 verluer gaangen ass, war de Luc Holtz net onzefridde mat der Prestatioun.
Iwwer 80 Minutte war et vun der Prestatioun vum Engagement gutt. An de leschte Metere muss ech d’Effikassitéit uschwätzen an déi individuell Feeler am Defensivberäich. Vum Wëllen hir, vum leefereschen, vum spillereschen, vum Spillopbau hir war 80 et Minutten gutt.
E Mëttwoch huet d’Ekipp an Ungarn géint Katar gespillt an e Samschdeg ass schonns den nächste Match an Irland. Do bleift net vill Zäit, fir ze recuperéieren.
D’Recuperatioun steet un éischter Stell. Et ass enorm schwéier, als Trainer nach taktesch Saachen ze maachen, well ee muss de physeschen Zoustand vun de Spiller Rechnung droen. Mir hu just 3 Deeg bis e Samschdeg. Mir wäerten alles en Marche setzen, fir dass d’Jonge kënne recuperéieren an da vum mentalen a physeschen hir e Samschdeg bei 100 Prozent sinn.
Nom Match géint Irland steet da schonns den nächsten Dënschdeg d’Partie am Josy Barthel géint Portugal um Programm.
Eng gutt Noriicht koum dann um Donneschdeg den Owend. De Vincent Thill, deen aktuell fir de portugisesche Club Nacional Funchal spillt, dierf no Interventioun vun der FLF an dem Ausseministère bei de portugiseschen Instanzen elo bei de Matcher vun der Nationalekipp géint Irland a Portugal oplafen. Dat huet d’FLF an engem Communiqué matgedeelt.