Nations League bei den DammenRout Léiwinne musse sech och am zweete Match géint d'Tierkei geschloe ginn

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Dammen an der Nations League géint d'Tierkei gespillt.

Leschte Freideg gouf hei zu Lëtzebuerg den éischte Match gespillt, do hunn d’Spillerinne vum Trainer Dan Santos sech mat 0:4 géint den Tabelleleader Tierkei misse geschloe ginn.

En Dënschdeg den Owend wollten d’Rout Léiwinnen et an der Tierkei du besser maachen. Wuel waren d’Tierkinnen och am zweete Match iwwer wäit Strecke vum Match iwwerleeën, ma d’Lëtzebuergerinne konnte sech awer vun enger besserer Säit weise wéi nach am éischte Match.

Nawell konnt d’Sadikoglu d’Lokalformatioun schonns an der 14. Minutt a Féierung bréngen. An der Suite huet d’Lucie Schlimé am Lëtzebuerger Gol ëmmer nees Schlëmmeres verhënnert, esou dass et bis zum Schluss beim 1:0 fir d’Tierkei bliwwen ass.

An der Schlussphas sinn d’Rout Léiwinne besser an de Match komm, mee et ass net méi duergaangen, fir de Match nach ze dréinen oder e Punkt mat heem ze huelen.

Fir d’Spillerinne vum Dan Santos gëllt et elo, déi positiv Saachen aus dësen zwee Matcher matzehuelen a sech op déi zwou lescht Partien an der Gruppephas ze konzentréieren. Am Dezember geet et do nämlech géint Litauen a Georgien, wou ee probéiere wäert, déi zweet Tabelleplaz ze verdeedegen.

Back to Top
CIM LOGO