An zwee Joer ass d’Futtball-Weltmeeschterschaft vun den Dammen an Australien, respektiv an Neiséiland. De Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet decidéiert, hir Dammennationalekipp fir d’Weltmeeschterschaftsqualifikatioun anzeschreiwen. Bei den FLF-Hären eng normal Saach, bei den Dammen ass et eng Premiere.
Et gëtt elo geschwënn e Joer, datt den Dan Santos Lëtzebuerger Futtball-Dammennationaltrainer ass. Et wonnert jo net, datt d’Decisioun vum Conseil, de Responsabele vum ganzen Dammeberäich bei der FLF extrem freet.
Wat wichteg ass, ass datt mer esou kënne weider kommen.
Sënn an Zweck fir bei der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun dobäi ze sinn, sinn kloer, seet den Dan Santos:
Mir wëlle mat Leidenschaft untrieden. Mir wëllen de Wee goen, wéi d’Ekipp vum Luc Holtz. Mir wëllen eis moosse mat allen Natiounen, fir och ze wëssen, wou mer nach mat eiser Jugend musse schaffen.
D’Auslousung vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun bei den Dammen ass den 30. Abrëll:
De Modus ass wéi bei de Männer. Mir kréinen och schwéier Géigner, wei Frankräich. Däitschland asw.
Duerch des Aschreiwung gëtt elo de ganze Trainingsopwand fir d’Zukunft am Generellen, weider ausgebaut:
Mir setzen e Plang op, fir méi Professionalismus eranzekréien. Mir hoffen och op de Congé Sportif vum Sportsministère, fir all eis Spillerinnen an de ganze Staff,
Den Dan Santos huet d’A-Ekipp vun den Hären als Virbild genannt. Déi hunn elo an de leschten 20 Joer dru geschafft, fir do ze sinn, wou se lo sinn. Et muss een, wat déi kuerzfristeg Erwaardungen un den FLF-Dammen uginn, deemno mat de Féiss um Buedem bleiwen.