D’Lëtzebuergerinne stoungen hannen net schlecht, mee et ass hinnen no vir quasi guer näischt gelongen. D’Spillerinnen aus der Tierkei hate vill méi Ballbesëtz, ware méi effikass an hunn no der Paus mat Ebru Topçu op 11 Meter an der 52 Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt. Dat agewiesselt Arzu Karabulut huet de 4. Gol no 84 Minutte markéiert.
Et hunn bei der FLF Selektioun wichteg Spillerinne gefeelt, anerer waren net 100-prozenteg fit, mee trotzdeem muss ee vun enger enttäuschender Leeschtung schwätzen. Iwwer déi 90 Minutten konnten sech d‘Spillerinnen vum Trainer Dan Santos keng richteg Golchance erausspillen. Trotz der verdéngter an däitlecher Defaite bleift Lëtzebuerg op der 2. Plaz am Klassement.
En Dënschdeg ass de nächste Rendezvous fir d’FLF-Selektioun mam Retourmatch an der Tierkei.