Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSabah Baku start mam Vincent Thill souverän an déi nei Saison

RTL Lëtzebuerg
Den Defenseur vun de Roude Léiwen huet d'2:0-Victoire vun Austria Wien net um Terrain materlieft. De Lars Gerson huet an Norwegen mat Kongsvinger verluer.
© RTL (Archiv) / Val Wagner

Um Sonndeg huet de Lars Gerson mat Kongsvinger eng batter 1:3-Defaite géint Raufoss aus dem ënneschten Tabellendrëttel mussen hinhuelen. No engem 0:0 zur Paus krut d’Ekipp vum Lëtzebuerger bis zur 82. Minutt dräi Goler geschoss a konnt just nach spéit den Éieregol schéissen. Mat der Néierlag verléiert Kongsvinger d’Féierung an der zweeter norweegescher Liga.

Eng kloer Victoire huet Sabah Baku mam Vincent Thill um 1. Spilldag vum Championnat am Aserbaidjan gefeiert. Mat 5:0 huet ee sech géint Qäbälä duerchgesat. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf an der 56. Minutt ausgewiesselt.

De Marvin Martins stoung bei der 2:0-Victoire vun Austria Wien géint Lustenau net am Kader, well hien eng Spär wéinst senger Rouder Kaart aus dem éischte Saisonsmatch huet mussen ofsëtzen.

Den Enes Mahmutovic souz a Bulgarien beim 1:1-Remis vu senger Ekipp ZSKA Sofia géint Slavia Sofia just op der Bänk.

Samschdeg

An der 2. däitscher Bundesliga huet den FC St. Pauli mam Danel Sinani 0:0 géint Düsseldorf gläichgespillt. D’Lokalekipp huet déi 90 Minutten iwwer den Toun u ginn, ma konnt eng ganz Partie gutt Chancen net an e Gol ëmmënzen. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 70. Minutt agewiesselt an huet an der 90. Minutt Giel gesinn.

Kee Punkt gouf et e Samschdeg fir Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte. An der 55. Minutt war Elversberg duerch de Sickinger mat 1:0 géint Hansa Rostock a Féierung gaangen. Laang hat et duerno no enger Victoire ausgesinn, ma no enger turbulenter Schlussphas huet een de Match nach mat 1:2 aus der Hand ginn. De Rochelt hätt an der 90. Minutt vum Punkt fir d’Decisioun kéinte suergen, ma de Ball ass net eragaangen. Op der anerer Säit huet dunn de Perea fir Rostock an der 10. respektiv der 13. Minutt vun der Nospillzäit déi decisiv Goler geschoss. De Sébastien Thill stoung bei Rostock net am Kader.

An der 3. däitscher Liga huet Waldhof Mannheim mam Laurent Jans 0:2 bei 1860 München verluer. An der 12. Minutt hat de Bartels dat ronnt Lieder an den eegene Gol gesat. An der 56. Minutt huet de Lakenmacher du fir d’Schlussresultat gesuergt. De Laurent Jans stoung 90 Minutten um Terrain.

An der Ligue 2 a Frankräich huet Bastia mam Florian Bohnert auswäerts 0:0 géint Concarneau gläichgespillt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a stoung bis zum Schluss um Terrain.

Freideg

Gelongenen Optakt fir d’Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris am belsche Championnat. Och um 2. Spilldag gouf et eng Victoire. Mat 1:0 hunn Anthony Moris a Co auswäerts Léck geklappt.

Vun der 35. Minutt u war d’Lokalekipp an Ënnerzuel.

Fir de Kont vum 2. Spilldag am éisträichesche Championnat huet St. Pölten mam Dirk Carlson 2:0 géint Lafnitz gewonnen. De Lëtzebuerger stoung de komplette Match um Terrain.

Am ungaresche Championnat huet den Tim Hall mat Ujpest 3:3 bei Puskas Akademia FC gläichgespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun.

An den USA ass de Maxime Chanot mat New York City an de 1/16-Finalle vum Leagues Cup duerch een 0:1 bei den New York Bulls eliminéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO