FLFSaison an Éierepromotioun bis 3. Divisioun a Jugend definitiv gestoppt

Franky Hippert
D'Saison an der Futtball-Éierepromotioun bis erof an d'3. Divisioun an de ganze Jugendchampionnat sinn definitiv gestoppt.

Dat huet de Verwaltungsrot vun der FLF e Méindeg a senger Reunioun festgehalen.

FLF Saison blanche vu Promotioun bis 3. Div/Rep. F. Hippert

D’Lëtzebuerger Futtballfederatioun hat deen Zenario jo virun 2 Woche scho matgedeelt, fir am Fall, wou d’Regierung déi aktuell Covidmesuren iwwert de 14. Mäerz eraus verlängere géif. De leschte Freideg war et jo d’Annonce vum Premier Xavier Bettel, datt déi aktuell Mesurë bis den 2. Abrëll a Kraaft bleiwen.

Dat heescht dës Saison ginn et am nationale Futtball keng Op- an och keng Ofsteiger.

Bei der FLF gëtt elo e finanziellen Ënnerstëtzungsplang ausgeschafft, dee fir alleguerten d’Veräiner aus allen Divisiounen zielt. Am RTL-Interview sot den FLF-President Paul Philipp, datt ee sech kéint virstellen, fir an der ieweschter Divisioun och no ënnen nach e gewëssenen Enjeu ze behalen, d’finanziell Ënnerstëtzung ofhängeg kéint gemaach gi vun der Plaz am Schlussklassement. Ronn 11 Ekippe vun deene 16 kéimen am Moment nach a Fro fir déi 4 éischt Plazen, déi eng europäesch Participatioun bedeiten. Well et an der ieweschter Divisioun jo awer keng Ofsteiger ginn, kéint et bei verschidden Ekippen theoretesch zu engem Relachement kommen. Fir deem eventuell entgéint ze wierken, géif een och préiwen, ob een net mat Minuspunkte fir déi Tabellelescht fir déi nächst Saison kéint schaffen.

An der ieweschter Divisioun bei den Dammen an och an der héchster Divisioun am Futsal, gëtt awer genee esou weidergespillt, wéi an der BGL Ligue bei den Hären.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO