
Dat huet d’Fifa nom Enn vum Delai fir eng Kandidatur anzereechen en Dënschdeg matgedeelt. Australien hat sech eréischt kuerz virum Enn vum Delai géint eng Kandidatur decidéiert an domadder endgülteg de Wee fir eng WM a Saudiarabien fräigemaach.
Am Virfeld hat schonn Indonesien säi Plang, fir d’Weltmeeschterschaft zesumme mat Australien an enger Rei anere Länner ze organiséieren, verworf. No an no hu sech ëmmer méi Länner hanner d’Kandidatur vun der räicher Pëtrolsmonarchie gestallt. Den asiatesche Futtballverband AFC hat scho kuerz no der Kandidatur vu Saudiarabien annoncéiert, dass een dës ënnerstëtze géif.
Kritiker reprochéieren der Fifa an hirem President Gianni Infantino, dass ee mam Plang, fir d’WM 2030 an Europa, Südamerika an Afrika stattfannen ze loossen, dem ëmstriddene saudeschen Herrscher Mohammand bis Salman sengem Plang vun enger Futtballweltmeeschterschaft a sengem Land entgéintkomm wier. Wéinst dem Rotatiounsprinzip vun der Fifa komme fir d’Turnéier am Joer 2034 nämlech nëmme Kandidaten aus Asien an Ozeanien a Fro.
D’Fifa wëll schonn Enn 2024 offiziell verkënnegen, dass d’Weltmeeschterschaft 2034 a Saudiarabien ass. Dat nodeems alleguer d’Evaluatiounen ofgeschloss a séchergestallt wier, dass Saudiarabien de Krittären a Saachen Infrastruktur, Wirtschaft, Nohaltegkeet a Mënscherechter gerecht gëtt.