BundesligaSchalke elo 30 Matcher ouni Victoire, Union op der 4. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Mat enger klorer 3:0-Victoire séchert sech Hertha um Samschdegowend déi dräi Punkte géint Schalke.

An der Bundesliga ass et nom Joereswiessel mam 14. Spilldag weidergaangen. Fir Leverkusen ass et zu Frankfurt trotz 1:0-Féierung eng Defaite ginn an Union Berlin steet no enger Victoire fir op mannst e puer Stonnen op enger Champions-League-Plaz. E Samschdeg den Owend konnt sech Hertha dann nach mat 3:0 géint Schalke duerchsetzen a Stuttgart huet géint Leipzig mat 0:1 de Kierzere gezunn.

14. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Stuttgart - Leipzig 0:1
0:1 Olmo (67')

Hertha - Schalke 3:0
1:0 Guendouzi (36'), 2:0 Cordoba (53'), 3:0 Piatek (80')

Schalke huet sech an den éischte Minutte engagéiert gewisen, war am offensive Beräich a virun allem beim Ofschloss awer net konsequent genuch. Mat der Zäit ass Hertha dann ëmmer besser an de Match komm a konnt sech no an no an der géignerescher Hallschent festsetzen. An der 36. Minutt huet en ofgefälschte Ball de Wee bei de Guendouzi fonnt, dee mat engem Schoss kuerz virum Strofraum Hertha a Féierung brénge konnt. Mat engem verdéngtem 1:0 fir Hertha ass et dann no 45 Minutten an d’Paus gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet d’Lokalekipp da gutt weidergemaach a konnt an der 53. Minutt am Numm vum Cordoba op 2:0 erhéijen. Vun de veronsécherte Schalker ass net genuch komm fir dëse Spillstand nach ze dréinen a sou huet de Piatek mat sengem Gol 10 Minutte viru Schluss den Deckel op de Match gemaach. Um Enn steet eng verdéngten 3:0-Victoire fir Hertha a sou waart Schalke schonn 30 Spilldeeg op eng Victoire an der Bundesliga.

Frankfurt - Leverkusen 2:1
0:1 Amiri (10'), 1:1 Younes (22'), 2:1 Tapsoba (54')

No enger roueger Ufanksphas ass Leverkusen an der 10. Minutt duerch e schéine Gol a Féierung gaangen. Den Amiri konnt den Defenseur no engem Zouspill vum Wirtz stoe loossen a mat der Hack de Ball duerch d’Been vum Golkipp an de Gol schéissen. Lues a lues ass och Frankfurt an de Match komm a sou konnt de Younes no 22 Minutten op 1:1 ausgläichen. Am weidere Spillverlaf sinn et op béide Säite keng gutt Golchance méi ginn a sou ass et no 45 Minutte mat engem Remis an d’Vestiairë gaangen.

No der Paus war et dann den Tapsoba, deen no enger Flank vum Frankfurter Spiller den eegene Gol getraff huet an domat d’Féierung fir de Géigner hirstelle konnt. Vun der Werkself ass am zweeten Duerchgang alles an allem ze wéineg komm a sou war Frankfurt dem 3:1 däitlech méi no. Um Enn ass et bei deem Spillstand bliwwen a sou muss sech Leverkusen fir déi zweete kéier hannertenee geschloe ginn.

Bremen - Union Berlin 0:2
0:1 Becker (12'), 0:2 Awoniyi (28')

Am Weserstadion zu Bremen war et an den éischte Minutten eng ausgeglache Partie, an där den éischte Gol awer net all ze laang op sech waarde gelooss huet. No 12 Minutten huet den Awoniyi de Becker an de Laf geschéckt, deen da mat engem Schoss aus 16 Meter Union a Féierung brénge konnt. D’Berliner, déi duerch dëse Gol op enger Champions-League-Plaz stoungen, hu weider mat breeder Broscht gespillt a sinn sou no 28 Minutte eng weider Kéier belount ginn. No der Viraarbecht vum Andrich huet sech den Awoniyi d’Chance net huele gelooss an op 2:0 erhéicht. Bis zur Paus ass et Bremen net gelonge sech offensiv Aktiounen erauszespillen a sou ass déi éischt Hallschent mat enger Féierung fir Union op en Enn gaangen.

Am zweeten Duerchgang hunn d’Gäscht sech dann éischter op d’Defense konzentréiert, wat hinnen och gutt gelongen ass. Bremen hat net vill Iddien a war virum Gol net konsequent genuch. Um Enn konnt Union d’Féierung sécher iwwer d’Zäit bréngen an hëllt déi dräi Punkte mat op Berlin.

Bielefeld - Gladbach 0:1
0:1 Embolo (58')

Gladbach huet sech vun Ufank u beméit fir géint den Opsteiger a Féierung ze goen, konnt déi vill gutt Chancen awer net gutt genuch verwäerten. Bielefeld ass sou gutt wéi guer net zum Zuch komm a konnt vu Gléck schwätzen, dass et zur Paus 0:0 stoung.

Am zweeten Duerchgang war Gladbach weiderhin um Drécker an huet sech no enger knapper Stonn mam Gol belount. Den Embolo huet no enger laanger Pass virum Golkipp d’Nerve behalen a sou op 1:0 gestallt. Bis zum Schluss ass et Bielefeld net méi gelongen nach den Ausgläich ze schéissen a sou wënnt Gladbach méi wéi verdéngt géint den Opsteiger.

Hoffenheim - Freiburg 1:3
0:1 Santamaria (7'), 0:2 Grifo (34'), 0:3 Adams (42'), 1:3 Bebou (58')

Köln - Augsburg 0:1
0:1 Iago (77')

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO