
De Sportminister Dan Kersch huet an der Chamber nach emol confirméiert, dass d’Regierung nom 21.Februar och gesetzlech festhält, dass een d’Schnelltester fir d’Matcher vun der héchster Spillklass an de 4 Federatiounen (Futtball, Basket, Volleyball an Handball) obligatoresch sinn. De Vizepremier huet awer betount, dass en d’Problemer, déi an de leschten Deeg virun allem am nationale Futtball opkomm waren, no engem weidere Gespréich aus dem Wee geraumt goufen.
D’Schnelltester géife global am Lëtzebuerger Sport net a Fro gestallt, et misst just un der Kommunikatioun geschafft ginn.
De Vizepremier huet den Dënschdeg de Mëtten op Froe vum Georges Mischo (CSV), Claude Lamberty (DP) a Mars Di Bartolomeo (LSAP) reagéiert a weider Detailer zum Pilotprojet ginn, deen zanter dem 21.November preparéiert gouf. Mat de gesammelten Donnéeë géif mat Hëllef vun der Santé eng wëssenschaftlech Analys gemaach ginn, esou den Dan Kersch. D’Käschte fir d’Schnelltester eleng leie bei 500.000-600.000 Euro. De Sportsministère géif awer och deene Veräiner finanziell ënnert d’Äerm gräifen, déi d’Tester weder selwer kënnen duerchféieren, nach de Budget fir professionell Servicer hunn.