
Kuerz virum Match huet de finneschen Arbitter nämlech erausfonnt, datt de Gol net der Norm entsprach huet. Amplaz vun den erlaabten 2,44 Meter war de Gol 2,50 Meter héich.
Deemno huet de Gol missen ofgeriicht ginn an en neien opgebaut ginn. Dofir ass de Match méi spéit ugaange wéi geplangt. D’Schwäiz huet de Match um Enn mat 1:0 gewonnen.