
Bei den Häre konnt den Éisträicher Marco Schwarz am Mekka vum nordesche Schisport seng éischt Victoire am alpine Weltcup feieren.
Beim Parallel-Slalom am Schisprong-Stadion um Holmenkollen konnt hie sech an der Finall géint den Dave Ryding duerchsetzen - domat huet de Ryding déi éischt Victoire vun engem Brit an der 52 Joer aler Weltcup-Geschicht knapp verpasst.
De Marcel Hirscher war an der Véierelsfinall vum Ryding eliminéiert ginn.
Plaz 3 war fir de Ramon Zenhäusern (Schwäiz), Plaz 4 fir de Gewënner vum leschte Joer Andre Myhrer (Schweden).
Eng Iwwerraschung gouf et och bei den Dammen, wou d'Petra Vlhova aus der Slowakei 5 Deeg no hirer Victoire am Riseslalom beim Semmering an der Finall d'US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin schloe konnt - mat enger minimaler Avance vun 0,39 Sekonnen no zwee Leef.
An der Course ëm d'Plaz 3 hat d'Wendy Holdener aus der Schwäiz d'Nues vir géint d'Anna Swenn Larsson aus Schweden.