
Georgien - Schwäiz 0:2
D'Schwäiz ass als Favorit an de Match gaangen, huet awer e bësse gebraucht fir an de Match ze fannen. Sou huet d'Ekipp vum Vladimir Petkovic bis zu der 56. Minutt misse waarden, bis et zu der 1:0 Féierung komm ass. Den Zuber konnt no Viraarbecht vum Embolo den éischte Gol schéissen. 10 Minutte viru Schluss war et dann nach de Zakaria, dee mat sengem Gol de Match entscheet huet.
Gibraltar - Irland 0:1
Och Irland huet sech am éischte Qualifikatiounsmatch schwéier gedoen. Ganzer 49 Minutten huet et Gibraltar gepackt, e richtege Géigner fir d'Ekipp aus Irland ze sinn. De Jeff Hendrick huet d'Hoffnungen op eng Sensatioun vun der Lokalekipp dann awer op d'Säit geluecht an Irland kuerz no der Paus mat 1:0 a Féierung bruecht.
Malta - Färöer Inselen 2:1
Am Duell tëscht de klenge Natioune ka sech Malta duerch Goler vum Kyrian Nawoko a vum Steve Borg mat 2:1 duerchsetzen, och wann d'Malteser déi lescht 30 Minutten mat engem Spiller manner um Terrain stoungen.
Schweden - Rumänien 2:1
Fir Schweden ass et zu Solna e gelongenen Optakt an d'Qualifikatioun ginn. Schonn an der éischter Hallschent konnten de Quaison an de Claesson d'Lokalekipp a Féierung bréngen. Zwar konnt de Keseru an der 58. Minutt op 2:1 verkierzen, zum Schluss sollt et awer net méi fir e weidere Gol duergoen.
Spuenien - Norwegen 2:1
Spuenien huet et am Match géint Norwegen e bësse spannend gemaach. Obwuel de Rodrigo an der 16. Minutt d'Lokalekipp mat 1:0 a Féierung bruecht huet, konnt de King an der 65. Minutt per Eelefmeter zum tëschenzäitlechen 1:1 ausgläichen. Ma bei deem Resultat ass et net laang bliwwen, wéi de Sergio Ramos 6 Minutte méi spéit vum Punkt äiskal bleift an d'Spuenier mat deem Gol virun enger Blamage rett.
Bosnien Herzegowina - Armenien 2:1
D'Ekipp aus Bosnien huet seng staark Leeschtung e Samschdeg mat enger Victoire géint Armenien belount. An der 33. Minutt war et als éischt de Rade Krunic zum 1:0, spéider dann nach den Deni Milosevic, déi zu der 2:1 Victoire bäigedroen hunn.
Italien - Finnland 1:0
Italien huet am éischte Match net vill ubrenne gelooss. Goler vum Nicolo Barella a vum Moise Kean ginn duer fir eng 2:0 Victoire géint Finland.
Liechtenstein - Griechenland 0:2
Griechenland huet sech géint Liechtenstein déi dräi Puntken net huele gelooss a gewënnt ouni Problemer duerch Goler vum Fortounis a vum Donis mat 2:0.