
Elo huet d’Nationalspillerin annoncéiert, dass si zeréck op Lëtzebuerg kënnt. Dat war eng Decisioun, déi net einfach ze huele war.
Déi Decisioun war schwéier. Ech war elo 8 Joer am Ausland. Et ass elo de richtege Moment, wou ech mengem Gefill no ginn, an datt et déi richteg Entscheedung ass. Fir mech ass et schéin. Ech halen awer an enger éischter Liga op. Ech hunn de Wee bis dohinner gepackt. Dat war ëmmer mäin Zil. Elo setzen ech d’Prioritéit op d’Arméi, fir do meng Karriär weiderzemaachen.
Tina Welter huet nach keng Decisioun geholl, bei wéi engem Veräin si dat nächste Joer wëll spillen.