
Eréischt am September huet d’Profikarriär fir de 27 Joer ale Mëttelfeldspiller ugefaangen. Bei Tambov an déi iewescht Divisioun a Russland ass et gaangen, et sollt awer net laang gutt goen.
Ass et d’Covid-Kris, déi dat ganzt nach verstäerkt, oder ass et déi generell schlecht finanziell Situatioun beim Tabellenzweetleschte gewiescht, op jiddwerfalls war no 3 Méint schonn net méi alles, wéi et misst sinn, de Sebastien Thill:
Et war e bëssen onerwaart, datt ech fort ginn. Et wousst och keen zu Lëtzebuerg, datt ech géif fortgoen. Ech hu mech och richteg wuel gespuert zu Tambow, ma si hate Problemer, d’Salairen ze bezuelen. Et sinn och vill Spiller fortgaangen. Et sinn elo just nach 11 Spiller do gewiescht, dovu 4 Golkipper.
Och wann de fréiere Spiller vum Progrès Nidderkuer sech de Verlaf vu senger éischter Profistatioun sécherlech e bëssen anescht virgestallt hat, hält de 27 Joer alen Thill vill Positives zeréck. D’Decisioun, fir vun Tambov no esou enger kuerzer Zäit fortzegoen, war dann awer scho wuel iwwerluecht:
Ech wousst schonn Ufank Dezember, datt ech de Veräi wéilt wiesselen an dunn hunn ech mengem Manager geschriwwen, hien huet e bësse kuckt, an dunn huet dat den 3. Januar mat Sheriff geklappt.
De Lëtzebuerger Nationalspiller mécht elo emol a senger neier Heemescht beim moldawesche Rekordchampion Sheriff Tirspol Schratt fir Schratt, huet awer och mëttelfristeg Ziler:
Elo emol nees fit ze ginn. Ech hunn elo awer schonn 1 Mount kee Futtball méi gespillt, dann an d’Ekipp kommen, de Champion maachen an d’Coupe gewannen, an dann d’nächst Saison eng gutt Campagne an der Coupe d’Europe spillen.
No 21 Spilldeeg huet den 18-fache moldawesche Champion, mat engem Match manner, un der Tabellespëtzt, schonn nees 6 Punkten Avance op den Zweeten. Fir de Sebastien Thill gëtt dat dann d’nächst Saison eng flott Experienz, op europäeschem Niveau Champions League kënnen ze spillen. A Propos spillen, virum Thill, war mam Gerson Rodrigues jo scho virun 3 Joer e Lëtzebuerger, dee bei Sheriff Tiraspol gespillt huet.