
E Mëttwoch war de Vahid Selimovic an der ieweschter Griichescher Spillklass am Asaz. Den Defenseur stoung bei der 2:0 Victoire géint Lamia de ganze Match iwwer um Terrain. Béid Kéieren hat de Staikos markéiert. An der Tabell sti si aktuell op der 8. Plaz a géifen esou an de Playdown kommen. Ma de Veräin vum Selimovic huet just 1 Punkt Réckstand op déi 6. Plaz, déi fir de Playoff qualifizéiert.
A Portugal hat de Vincent Thill mat Nacional Funchal sollte spillen, ma dee Match gouf net ugepaff.
En Dënschdeg stoung an der zweeter Portugisescher Liga de Marvin Martins 90 Minutte bei Casa Pia um Terrain. Si hu géint Academico Viseau 1:1 gespillt, waren awer eng knapp hallef Stonn an Ënnerzuel. Casa Pia huet elo no bal der Hallschent vun de Matcher 18 Punkten a stinn op der 9. Plaz. Domadder hu si 7 Punkten Avance op eng Ofstigsplaz an 9 Punkte Réckstand op eng méiglech Opstigsplaz.
En 0:0 gouf et e Méindeg fir Gil Vicente géint Os Belenenses an der héchster portugisescher Liga. Den Tim Hall gouf hei net agewiesselt. An der Tabell steet Gil Vicente op der 11. Plaz mat 13 Punkten. Si hunn 2 Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz a 6 Punkte Réckstand op eng europäesch Plaz.