Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSelimovic verléiert mat Kreta géint Piräus

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Karlsruhe ouni de verletzten Dirk Carlson 0:0 géint Regensburg gespillt an d'Young Boys Bern hu mat 4:2 gewonnen.
© Val Wagner

E Méindeg sollt de Maurice Deville mat Saarbrécken géint Duisburg spillen. De Match gouf allerdéngs ofgesot, well den Terrain onbespillbar war.

Sonndeg

A Griicheland hat Kreta géint de Leader Olympiakos Piräus keng Chance a verléiert mat 0:3. De Lëtzebuerger Nationalspiller Vahid Selimovic stoung de ganze Match um Terrain a krut an der Schlussphas nach eng Giel Kaart gewisen. Kreta ass no 21 Spilldeeg op der 10. Plaz.

An der 2. portugisescher Liga huet de Marvin Martins mat Casa Pia 0:2 géint déi 2. Ekipp vu Benfica Lissabon verluer. Den FLF-Acteur stoung bei der Defaite 90 Minutten um Terrain.

D’Young Boys Bern sinn an der 1. Liga an der Schwäiz weider déi beschten Ekipp a gewannen och géint Lausanne. Bei der 4:2-Victoire huet awer op en Neits de Christopher Martins ugeschloe gefeelt.

An der 2. däitscher Bundesliga huet de Karlsruher SC 0:0-Gläich géint Jahn Regensburg gespillt. Domat verpasst d’Ekipp vum Dirk Carlson e wichtege Schrëtt Richtung Top3. De Lëtzebuerger fält aktuell wéinst engem Ermiddungsbroch aus.

Um Sonndeg ass d’Nouvelle aus Holland komm, dass alleguerte Matcher an der Eredivisie wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofgesot goufen. Domat fält och dem Mica Pinto säi Match mat Sparta Rotterdam géint VVV Venlo aus.

Samschdeg

An der 1. Liga an der Belsch stoung um Samschdeg den Owend de Match Waasland-Beveren géint den FC Bruges um Programm. Bei der 0:2-Néierlag vu Waasland-Beveren ass de Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani an der 67. Minutt fir den Albanese agewiesselt ginn.

Iwwerdeems huet de Laurent Jans mat Léck géint Leuven gespillt. De Kapitän vun der Nationalekipp stoung beim 1:1-Gläich 90 Minutten um Terrain. Laang huet et esou ausgesinn, wéi wann de Standard Léck de Match mat 0:1 verléiere géif. 6 Minutte viru Schluss huet de Klauss awer nach den Ausgläich fir d’Lokalekipp geschoss.

An der däitscher Bundesliga gewënnt Mainz mam Leandro Barreiro mat 1:0 géint Union Berlin. De Lëtzebuerger ass no senger klenger Verletzung also erëm zeréck an d’Starteelef gerutscht. Den Nationalspiller huet de Match duerchgespillt an an der 40. Minutt krut de Barreiro de Giele Kartrong gewisen.

Um Samschdeg de Mëtteg war Vilafranquense an der 2. Liga a Portugal op Besuch bei Feirense. Um Enn ka sech de Favorit Feirense mat 2:1 duerchsetzen a steet elo an der Tabell op der 2. Plaz. Vilafranquense, bei deenen de Lëtzebuerger Eric Veiga net am Kader stoung, steet an der Tabell aktuell op der 12. Plaz.

Freideg

An der Belsch war et e Freideg den Owend den Optakt vum 18. Spilldag an der zweeter Divisioun. Royale Union St. Gilloise huet sech no 90 Minutte mat 2:1 géint Lierse duerchgesat. D’Goler fir d’Lokalekipp hunn de Vanzeir an der 27. Minutt (Eelefmeter) an den Undav an der 34' Minutt geschoss. An der 67. Minutt hat de Samyn fir d’Gäscht verkierzt, ma un der Victoire vu Gilloise sollt sech näischt méi änneren. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt bei der Lokalekipp tëscht de Pottoen.

An der Tabell steet Royale Union St. Gilloise un der Spëtzt mat 44 Punkten. Op der zweeter Plaz steet Westerlo mat 30 Punkten.

Am portugisesche Championnat ass um 17. Spilldag Nacional Funchal mam Vincent Thill net iwwert een 0:0-Remis beim FC Rio Ave erauskomm. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun a gouf an der 66. Minutt ausgewiesselt. An der Tabell steet Nacional Funchal op der 9. Plaz mat 18 Punkten an huet 4 Punkte Virsprong op d’Relegatiounsplaz.

Back to Top
CIM LOGO